
Et gëtt Hoffnung fir d‘Enseignanten an déi ronn 600 Schülerinnen a Schüler vun der Musekschoul Cavem. Si kënnen elo mol an de Gebailechkeeten zu Bouneweg bleiwen. Dat huet d’Fernande Pletschette, déi schonn iwwer 30 Joer an der Cavem Pianoscourse gëtt, e Freideg de Mëtteg op RTL-Nofro matgedeelt. Si wiere sech en Donneschdeg mam Proprietär vum Gebai eens ginn.
D’lescht Woch war et déi iwwerraschend Annonce, datt déi privat Musekschoul faillite wier, wéi d’Tageblatt fir d’éischt gemellt hat. D’Faillite ass den 20. Mäerz gesprach ginn. Dee Moment gouf d’Cavem och zougemaach. Vum Direkter Andreas Matthias Marx gëtt et zanter dem 10. Mäerz keng Spuer. D’Police hat den 13. Mäerz eng Vermësstemeldung erausginn. Den 52 Joer alen Direkter huet d’Geschäfter vun der Cavem zanter 2014 geleet. Virun zwee Joer huet hien d’Firma komplett iwwerholl.
Der Fernande Pletschette war opgefall, datt d’Bréiwer vum Steieramt sech déi lescht Méint geheeft hunn. Eng Faillite hätt awer kee komme gesinn. E Freideg Moien haten d’Enseignantë Rendez-vous mam Curateur, dee sech ëm d’Faillite këmmert. Ënnert anerem fir ze klären, wéi et mat hire Paien ausgesäit, op déi se nach Usproch hunn. Am Fall, datt net genuch Suen do wieren, géing d’ADEM deen Deel iwwerhuelen.
Eng 20 Museksproffe si concernéiert, dovunner waren der ronn 15 fest bei der Cavem agestallt, a fënnef Independanten. D’Cavem gouf an de 1970er Jore gegënnt. Eng handvoll Mataarbechter wiere bereet d‘Musekschoul ze iwwerhuelen an och finanziell ze stemmen. Dat dann awer ënnert engem aneren Numm, esou d‘Fernande Pletschette. Si seet sech optimistesch, datt de Museksunterrecht nees no der Ouschtervakanz kéint weidergefouert ginn.
