Versichten Doudschlag zu Athus (B)Presuméierten Täter zu Altwis festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Véier Deeg no der Dot konnt de Verdächtegen am Grand-Duché ermëttelt a verhaft ginn.
© Laurent Weber

De 6. Mäerz war et zu Athus an der Belsch zu engem versichten Doutschlag komm, bei deem eng Persoun schwéier mat engem Messer blesséiert gi war. Déi belsch Autoritéiten haten doropshin en europäesche Mandat d’arrêt an d’Weeër geleet.

D’"Section Recherche Fugitifs” vun der lëtzebuergescher Police konnt de presuméierten Täter ën Dënschdeg de Moien zu Altwis ermëttelen a stellen. Op Uerder vum Parquet ass hie festgeholl an dem Untersuchungsriichter presentéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO