Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer TripartitePremier Frieden: "Déi richteg Kris riskéiert, nach bevirzestoen"

Pierre Jans
An der Aktualitéitsstonn an der Chamber stoung de Premier den Deputéierten esou wäit wéi gewollt Ried an Äntwert.

Zanter en Dënschdeg sinn d‘Datumer vun der nächster Tripartite bekannt. Schonn d‘nächst Woch de 6. Mee tauscht d‘Regierung sech als éischt eenzel mat Gewerkschaften a Patronat aus. Den 12. Mee ass et eng gréisser Ronn schonn zu Dräi awer och mat Experten aus dem Energiesecteur an dem Statec. An der éischter Juni-Woch kommen d‘Sozialpartner da fir weider Tripartite-Reuniounen beieneen, wéi de Premierminister en Dënschdeg der Chamber sot, warscheinlech den 2. an 3. Juni. D‘Deputéiert aus der Oppositioun wollte och onbedéngt wëssen, fir wéi eng vun de ville Problemer wärend dëser Tripartite no Léisunge gesicht wäert ginn. Ma si krute keng Äntwert.

Aktualitéitsstonn iwwer Tripartite-Annonce / Reportage Pierre Jans

Well déi Gréng déi Aktualitéitsstonn ugefrot haten, konnt d‘Deputéiert Sam Tanson och eng drëtte Kéier nohaken, ob just d‘Hausse vun den Energiepräisser an der Tripartite dru kënnt, oder och de Logement, de Chômage an d‘Aarmut generell.

"Wat ass Är Propose? Iwwer wat wëll Dir an dëser Tripartite debattéieren?"

An de Premier Luc Frieden huet och hir du geäntwert.

"D‘Regierung wëll fir d‘éischt mat de Sozialpartner schwätzen. A wann ee si respektéiert, a wann een deen Debat wëll konstruktiv ugoen, wär et net hëllefräich, scho vu vir eran ze soen, wat ee genee wëll. De Kader an d‘Ursaach fir dës Tripartite si kloer: de Krich am Iran a seng Konsequenzen."

Och aus de Reien vun déi Lénk, de Piraten an och der LSAP gouf et Versich, de Premier aus der Reserv ze lackelen. Ouni Succès. De Premier krut vill Kritik wéinst dem Zäitpunkt a senge Beweeggrënn, dës Tripartite z‘annoncéieren. Hei de Sozialist Georges Engel.

"Dës Decisioun fir d‘Tripartite kënnt net aus Iwwerzeegung. Si kënnt wéinst dem Drock: Drock aus der Oppositioun, vun de Sozialpartner, souguer aus den eegene Reien an deem aus dem Regierungsrot. De Premier huet noginn, net well hie wëll, mä well hien net méi anescht konnt."

D‘LSAP wollt wëssen, ob fir de Luc Frieden aktuell Kris ass oder net.

"Déi richteg Kris riskéiert, nach bevirzestoen. Dat ass déi generell Analys vun de Staats- a Regierungscheffen an Europa. Fir den Ament sinn zwar verschidde Präisser geklommen“, esou de Luc Frieden, ma zu richtegen Enkpäss bei de Pëtrolsproduitë kéint et eréischt kommen, wann d‘Strooss vun Hormus nach méi laang zou bleift. Dat steet wuel an de Stären. Ma ob all Zeenario misst ee sech virbereeden.

D‘ADR huet als eenzeg Partei eng aner Meenung. De Fraktiounschef Fred Keup. "Mir soen et ganz kloer: Mir brauchen elo keng Tripartite."

D‘ADR géif elo schonn d‘Accisen um Sprit ëm 10 Cent de Liter kierzen. Ze bemierken och, dass den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet säi Premier a Schutz geholl huet, awer och, dass seng Homologin bei der DP Carole Hartmann net drop gehalen huet, dass d‘Ministere vun hirer Partei de Premier zu dëser Tripartite iwwerriet hunn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO