
D'Annonce vum Premier Luc Frieden wier prinzipiell ze begréissen, seet d'Gewerkschaftsfront. Natierlech wäerten OGBL an LCGB op déi Tripartite goen, sot den LCGB-President Patrick Dury. Ëmmerhi géing een dës dräier Ronn zënter laangem fuerderen.
Et misst ee feststellen, datt de Sozialdialog mat dëser Regierung bis ewell kee Resultat bruecht huet. Déi annoncéiert Tripartite wier dofir elo déi lescht Chance, fir de Lëtzebuerger Modell um Liewen ze halen.
Wichteg wier et, datt déi Reunioune gutt preparéiert ginn. Sujeten, déi de Gewerkschaften um Häerz leien, sinn d'Kafkraaft, de Mindestloun, d'Plattformaarbecht an de Maintien dans l'emploi. Fir de Rescht halen d'Syndikater sech bedeckt. Et sollt een den Diskussiounen elo net virgräifen, sou de Patrick Dury, deen an deem Sënn och keng rout Linnen zitt.
Et bleift awer dobäi, datt den éischte Mee gewerkschaftlech Aktioune wäerte presentéiert ginn, déi d'Konsequenz vum Echec bei den Diskussioune ronderëm de Mindestloun wäerte sinn.
De President vun der UEL Michel Reckinger ass net der Meenung, datt d'Tripartite d'Plaz ass fir aner Sujeten ze diskutéieren, zum Beispill de Mindestloun oder d'Plattformaarbecht. Wann d'Gewerkschaften doriwwer wéilten diskutéieren, da sollten se zeréck an déi Gremie kommen, déi dofir do sinn, sou de Michel Reckinger am RTL-Interview.
Hei wier en exzeptionelle Kader an eng Kris, déi keen um Radar hat. D'Tripartite sollt sech op d'Energiepräisser an op d'Inflatioun fokusséieren, sou d'Unioun vun den Entreprisen.
Konkreet Fuerderunge stellt d'Patronat net. Elo géing een op d'Zuele vum Statec waarden an op Basis vun deene sollt diskutéiert ginn. Et sollt ee sech och déi néideg Zäit ginn, esou de Michel Reckinger.
Datt dës Tripartite déi lescht Chance fir de Lëtzebuerger Sozialdialog ass, sou wéi de Patrick Dury dat formuléiert, fënnt de Michel Reckinger net. Hie géing sech net sou wichteg fillen, ewéi de Patrick Dury sech vläicht wichteg fillt, seet de Michel Reckinger. Hei géing et drëm goen, fir eng Kris ze léisen.