Homejacking e Méindeg zu LeidelengPoschen a Bijouen am Wäert vun e puer honnertdausend Euro geklaut - 4 presuméiert Täter gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Zu engem sougenannten Homejacking koum et e Méindeg an der Mëttesstonn zu Leideleng, bei deem zwee arméiert Täter eng Haushälterin iwwerfall hunn.
En Abriecher an engem Haus (Symbolbild)
© Laurent Weber

Dat schreift d’Police an engem Communiqué. E Méindeg 23. Februar 2026 géint 12.45 Auer koum et zu dësem Iwwerfall, bei deem d’Täter mat enger Schosswaff an engem Messer arméiert waren. Poschen a Bijouen am Wäert vun e puer honnertdausend Euro sinn dobäi geklaut ginn.

D’Täter konnte flüchten, ma der Police hir Section de la Répression du Grand Banditisme konnt fënnef presuméiert Verdächteger identifizéieren, vun deenen der véier konnte gepëtzt ginn. Déi koumen an Untersuchungshaft.

Et goufe fënnef Perquisitiounen a Wunnenge gemaach, dobäi ass e groussen Deel vun der geklauter Wuer erëmfonnt ginn, sou wéi och eng Schosswaff an Drogen.

Back to Top
CIM LOGO