Verstéiss géint Corona-MesurenPolice mellt 150 Infraktiounen iwwer de Weekend
RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Verstéiss goufe vu Persoune begaangen, déi sech trotz Verbuet mat anere Leit getraff hunn.
Update: 31.03.2020 09:24
D'Police erënnert nach eng Kéier drun, dass jiddereen doheem bleiwe soll, fir d'Ausbreede vum Virus anzedämmen. All Eenzelen huet eng gewësse Verantwortung a muss seng sozial Kontakter aschränken, betount d'Police op hirem Facebook-Profil.