
Virun zwou Wochen huet den Yves Wagener, dee viru 7 Joer vun deene Gréngen nominéiert gi war, onerwaart aus der héijer Kierperschaft demissionéiert. Well d’LSAP am Staatsrot den Ament de facto ënner-representéiert ass an u sech ee Mandat elo ze gutt huet, ass et un de Sozialiste fir ee Member ze nominéieren. Wéi RTL en Donneschdeg als éischt gemellt hat, huet déi fréier Gesondheetsministesch a Juristin de Fanger bei dëser, wéi si sot, onverhoffter Geleeënheet fir de Vott am LSAP-Generalrot, ausgestreckt.
D’Sozialiste sinn ee gebrannte Kand wann et ëm de Staatsrot geet: Ee reegelrechte Fiasko gouf et am November 2024, wéi de jonken LSAP-Wonschkandidat a Jurist Max Leners net déi néideg Stëmmen zesumme krut, fir Member an der héijer Kierperschaft ze ginn.
Den deemolege Communiqué dozou fannt Dir hei:
Ee Vott, deen u sech eng reng Formalitéit hätt sollte sinn. Dëst huet och fir eng Rei politesch Reaktioune gesuergt.
Dës fannt Dir hei drënner:
A senger Plaz gouf de Jurist Georges Kohn neie Member am Staatsrot. De Max Leners ënnersträicht op RTL-Nofro hin, datt hie sech bei enger Nominatioun vum Paulette Lenert net géif iwwergaange fillen. Am Contraire, hie stéing hir net am Wee. Der Paulette Lenert hire Réckzuch aus der éischter Rei vun der aktiver Politik wier fir seng Partei allerdéngs ee grousse Verloscht.
Géif d’Paulette Lenert an de Staatsrot vun der Chamber gewielt ginn, da géif si hiert Deputéierte-Mandat um Krautmaart mussen opginn. Éischten Ersatz am Osten ass de Ben Streff: Dee Mann, dee jo Mëtt Januar als LSAP-Parteimanager zréckgetruede war, an och net mat Kritik un der fréierer Vize-Premierministesch gespuert hat. Konkret huet hie “munchen Deputéierten” ee Manktem u Presenz um Terrain reprochéiert. Och hie wollt der Paulette Lenert hir méiglech Kandidatur fir den Ament net kommentéieren, preziséiert awer op RTL-Nofro hin, datt ee kéint dovun ausgoen, datt hien d’Deputéierte-Mandat wäert unhuelen.
Liest dozou hei:
Ier d’Paulette Lenert hir Kandidatur kann erareechen, muss si natierlech sécher sinn, datt hiren CV op eent vun deenen zwee Profiller passt. Dës ginn e Freideg vum Staatsrot ausgeschafft a publizéiert.