Invité vun der Redaktioun (14. Januar) - Ben Streff"Den Terrain vermësst d'Ex-Ministeren"

Carine Lemmer
E Mettwoch de Moie war d'LSAP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Ben Streff

An der LSAP rumouert et intern. Zejoert hunn e puer Fraktiounsmataarbechter gekënnegt an elo hält och de Ben Streff als Parteimanager op a gëtt säi Posten als President vum Bezierk Osten op. Et wier zwar nach Motivatioun do, sot de jonke Bäerdrefer e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview, mä d’Fraktioun géif net matzéien. Do géif et e “Blockage” ginn. D’Partei stéing mëttlerweil sou gutt do, wéi scho laang net méi. An de leschte véier Joer hätt ee gutt 1.000 Membere bäikritt. D’Basis géif ee mobiliséiert kréien, mä d’Deputéiert net, huet de Ben Streff bedauert.

Leschte Versuch, fir e “Weckruf” ze starten

D’LSAP als gréissten Oppositiounspartei géif ze wéineg d’Themen an den Debatte bestëmmen a géif ze blatzeg bleiwen. Munch Deputéiert wären net genuch un der Parteiaarbecht interesséiert an hätte keng Presenz um Terrain. D’Basis wär sou staark wéi nach ni a vun der Fraktioun géif ee sech méi erwaarden. Als Deputéierte misst een 200 Prozent ginn.

E Luef gouf et vum Ben Streff explizitt fir d’Parteipresidence. Co-Presidente si jo Francine Closener an Dan Biancalana. Besonnesch d’Francine Closener gouf gelueft, fir Saachen an Ugrëff geholl hunn. Mä d’Fraktioun misst och nei organiséiert ginn. Dës ëffentlech Kritik wär e leschte Versuch, fir e “Weckruf” ze starten, sou de Ben Streff.

Luef fir jonk LSAP-Deputéiert Braz, Polidori an Delcourt

D’LSAP huet 12 Deputéiert. Net jiddereen ass mat der Kritik viséiert. Den Nach-Parteimanager huet déi jonk Deputéiert Liz Braz, Ben Polidori a Claire Delcourt gelueft. Och en alen Hues wéi de Mars Di Bartolomeo wär ganz engagéiert. Mä den Terrain géif d’Ex-Ministere vermëssen, sou de Ben Streff. An d’Verantwortung läit natierlech och bei der Fraktiounscheffin Taina Bofferding. Als Juso-Presidentin wär d’Taina Bofferding offensiv a progressiv gewiescht. Elo misst een an d’Offensiv goen an eng kloer Sprooch schwätzen. Et hätt een eng CSV mat de schlechtsten Ëmfro-Resultater. Deemno misst d’LSAP de grousse Gewënner dovunner sinn, erwaart sech de Ben Streff, dee sech zanter 17 Joer fir d’Partei engagéiert a seng Parteikaart och wëll behalen.

Bis ewell wollt kee vun der Partei oder der Fraktioun eppes zur Kritik vun e Mëttwoch de Moie soen. E Mëttwoch den Owend huet d’LSAP awer Neijoerschpatt, wou dann eng Reaktioun z’erwarden ass.

Invité vun der Redaktioun: Ben Streff

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO