Perquisitioun zu BounewegParquet confirméiert, datt Policeasaz Malaise bei schwangerer Fra ausgeléist huet

RTL Lëtzebuerg
No Kritik um Policeasaz zu Bouneweg huet de Parquet e Mëttwoch confirméiert, datt och eng Persoun betraff war, déi net viséiert war – eng schwanger Fra, déi e Malaise gemaach hat.
Foto vun engem Trainingsasaz vun der Spezialunitéit.
Foto vun engem Trainingsasaz vun der Spezialunitéit.
© RTL-Archiv

De Parquet huet e Mëttwoch de Moie weider Detailer zum rezenten Asaz vun der Police-Spezialunitéit zu Bouneweg ginn, bei deem eng net registréiert Schosswaff, eng illegal Cannabis-Plantage a Falschgeld fonnt goufen. De Parquet gëtt deemno zou, datt wärend dem Asaz vun der Police dat ganzt Wunngebai duerchsicht gouf an esou eng schwanger Fra e Malaise gemaach huet, déi u sech net viséiert gewiescht wier.

De Parquet ënnersträicht allerdéngs, datt de Gesondheetszoustand vun der Fra sech duerch de Malaise net verschlechtert hätt. Och gëtt bestätegt, datt beim Asaz vun der Spezialunitéit eng Dier bannen am Gebai beschiedegt gi wier.

Nom Asaz stoung RTL schonn am Kontakt mat der schwangerer Fra, déi vun den arméierte Polizisten aus dem Schlof gerappt gouf. Si gouf mat Krämp am Bauch an d’Klinik bruecht, wou se Medikamenter krut – dem Ongebuerene soll et duerno awer kierperlech gutt gaange sinn.

Och den Noper, deem seng Dier beschiedegt gouf, war aus dem Schlof gerappt ginn. Am Gespréich mat RTL hat hien uginn, datt d’Polizisten hie festgeholl an eng Kagull iwwert de Kapp gezunn hunn, dat wärend enger Stonn, sou datt hie Problemer gehat hätt, Loft ze kréien.

D’Police hat d’Perquisitioun duerchgefouert, nodeems e verdächtege Mann gemellt gi war, dee sech reegelméisseg bei enger Acceuilsstruktur um Kierchbierg opgehalen huet a méiglecherweis arméiert gewiescht wier.

Back to Top
CIM LOGO