Reouverture vu SchoulenOpsplécke vu Klassen net nëmmen am Lycée, mä och am Fondamental

Monica Camposeo
Wéi gëtt d’Relance vun de Schoulen organiséiert? Mat där Fro hu sech en Donneschdeg d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun beschäftegt.
Reouverture vu Schoulen
Wéi gëtt d’Relance vun de Schoulen organiséiert? Mat där Fro hu sech en Donneschdeg d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun beschäftegt.

Reouverture vu Schoulen / Reportage Nadine Gautier

An der Chamberkommissioun war en Donneschdeg och den Educatiounsminister Claude Meisch present. Deen huet de Parlamentarier zum Beispill erkläert, datt d’Opsplécke vun de Klassen an zwee, och fir de Lycée ass. Dat heescht: fir de Secondaire an de Fondamental. Déi eng Woch sollen d’Schüler an d’Schoul goen, déi zweet Woch dann, dat wat se an där Woch gesinn hunn, an d’Praxis ëmsetzen, nämlech iwwert Exercicer asw. Dat heescht, et wier keng Woch vum traditionellen Homeschooling, deen d’Kanner déi lescht Woche matgemaach hunn. Duerch dës Opdeelung si pro Dag nëmme 50.000 Persounen ënnerwee an net wéi am Normalen 100.000. Domadder wëll ee verhënneren, datt de Coronavirus sech ausbreet.

Wéi de Minister weider erkläert huet, géif ee mat der Iddi spillen, déi éischt Woch vum Apprentissage an zwee ze deelen, fir datt béid Gruppe vu Schüler um selwechten Niveau ufänken, ier eng Woch iwwert déi aner den Unterrecht gehale gëtt.

De Sportunterrecht fält aus, an och d’Kantinne bleiwen zou. Et géif ee kucken, wéi een d’Schüler ka mat Iesse versuergen. De Minister huet vu Foodsbags geschwat. Et géif een och versichen, d’Zäit ze reduzéieren, an där d’Kanner laang openeenhänken, wéi zum Beispill an de Schoulhäff - wëll soen: d’Pause gi méi kuerz a versat. An de Gäng wäert et e Sens unique ginn, well ee wëll verhënneren, datt sech d’Kanner aus anere Joergäng kräizen.

Doriwwer eraus war et d’Info, datt d’Kanner ee Kit mat zwou Masken aus Stoff kréien, fir sech ze schützen. Am Schoulbus mussen d’Kanner déi Masken unhunn, esou wéi och am Schoulgebai. Allerdéngs wier d’Droen nëmme fakultativ an de Klassesäll. Desinfektiounsgel géif iwwerall an de Gebaier zur Dispositioun stoen.

Vulnerabel Enseignanten an Schüler sollen doheem bleiwen. D’Schüler kéinten iwwert eng Liveiwwerdroung vum Unterrecht um Cours participéieren, huet de Minister Meisch erkläert.

Sollt an Zukunft ee Fall vum Coronavirus an enger Schoul opdauchen, géif een d’Struktur net komplett zoumaachen, esou de Claude Meisch. Et géif een dann d’Matschüler an d’Persounen ëm dës Persoun testen an déi concernéiert Persoun gëtt isoléiert.

PDF: Den Dossier de Presse

Back to Top
CIM LOGO