3 BlesséierterAccident op der A1, Cyclist gefall tëscht Blummendall a Grolënster

RTL Lëtzebuerg
Den CGDIS mellt zwee Accidenter am Laf vum Dënschdegnomëtteg, bei deenen am Ganzen dräi Persoune verwonnt gi sinn.
© Laurent Weber

Géint 15:45 Auer war et op der Tréierer Autobunn A1, tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald, zu engem Accident komm, an deen dräi Autoe verwéckelt waren. D'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper, grad esou wéi d'Ambulanz vum Findel hu sech ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.

No 16:20 Auer war tëscht dem Blummendall a Grolënster e Cyclist esou gefall, dat hie blesséiert an d'Spidol huet musse gefouert ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Jonglënster.

Back to Top
CIM LOGO