D’Tripartite ass lancéiert. Gëschter war déi éischt Preparatiounsronn zu 3, also tëscht Regierung, Gewerkschaften a Patronat, éier an 3 Wochen déi eigentlech Tripartite-Sëtzungen ufänken.
Wéi ass d’Analys vun der aktueller Situatioun?
Dat schwätze mer de Moie mam René Winkin. Hien ass den Interims-Coordinateur vun der UEL.
Wéi verschidde gëtt d’Lag ageschat?
A wéi kéinte Mesuren ausgesinn, wann een net wierklech weess wéi et weider geet? Am schlëmmste Fall kéinten 3 Indextranche bis de September d’nächst Joer erfalen.
De René Winkin ass um 8 live eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.