"Stressberodung"Gratis psychologesch Behandlung fir Salariéen

Julie Thilges
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
D'Chambre des salariés an d’Ligue Santé Mentale hunn e gratis psychologesche Service fir Salariéen opgestallt. D'"Stressberodung" gëtt et zanter 2010. Elo gouf se renforcéiert.
Aarbechtsstress Symbolbild
Aarbechtsstress Symbolbild
© pexels.com / Kampus Production

De Service ass nach relativ onbekannt, ma gëtt ëmmer méi gefrot. Am Joer 2010 vun der Chambre des salariés an der Ligue Santé Mentale lancéiert, ënnerstëtzen d'Psychologe vum Service "Stressberodung" Salariéë mat Schwieregkeeten op der Aarbecht.

D'Sessioune gi bei der CSL gemaach a si fir Salariéen oppen, dës hu fënnef gratis Seancen zegutt. Si stinn och Deleguéen zur Verfügung, déi no Ënnerstëtzung froe bei der Ëmsetzung vu präventive Moossnamen an hirer Firma. "Rendez-vouse kënnen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch an och Spuenesch ofgemaach ginn," seet den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der CSL. Dëst Joer gouf de Service renforcéiert an entretemps schaffe véier Psychologe bei der Stressberodung.

Iwwerlaaschtung, Probleemer mat den Aarbechtskolleegen an e Gefill vun Ongerechtegkeet ginn dacks vun de Mataarbechter als Haaptursaache fir Stress an Onzefriddenheet genannt, esou den David Büchel.

"Parfois les salariés n'osent pas parler parce qu'ils ont peur"  

Wéi d'Ekipp vun der Stressberodung recommandéiert, ass dat éischt wat ee maache sollt, iwwer de Problem ze schwätzen. "La priorité est de communiquer", seet d’Emilie Senez, Psychologin. "Mais ce qui est compliqué dans les entreprises, c'est que parfois les salariés n'osent pas parler parce qu'ils ont peur de la conséquence. Donc ils vont garder ça pour eux. Et on sait très bien que plus on garde une difficulté pour soi, plus elle va s'aggraver avec le temps. Le premier conseil que je donne est donc de dialoguer."  

Kierperlech Konsequenzen

Stress ka verschidden negativ Auswierkungen hunn, erkläert den Nelson Lopes vun der Ligue Santé Mentale: "Les plaintes principales en consultation peuvent être de plusieurs sortes. Physiquement, ce sont des tensions, des douleurs au niveau du dos ou des cervicales, des problèmes gastriques, de la tachycardie."

Am Rapport "Quality of Work Index" vun 2025 iwwert d'Qualitéit op der Aarbecht huet d'CSL festgestallt, dass dës méi schlecht ginn ass: D'Studie weist, datt Aarbecht ënner Zäitdrock an och Belästegung op der Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg nach ëmmer wäit verbreet sinn, an datt kierperlech Belaaschtung, Schwieregkeete bei der Aarbechtsännerung an d'emotional Ufuerderunge vun der Aarbecht zouhuelen. D’Chambre des salariés warnt virun engem "environnement de travail qui devient progressivement plus exigeant et plus contraignant pour les salariés.”

Back to Top
CIM LOGO