Op Invitatioun vun der ChamberHaut ass eng offiziell Delegatioun aus dem portugisesche Parlament zu Lëtzebuerg

Joel Detaille
En Donneschdeg ass se och beim Pèlerinage bei d’Fatima zu Wolz mat derbäi.
José Pedro Aguiar-Branco
José Pedro Aguiar-Branco
© RITA FRANCA/NurPhoto via AFP

Op Invitatioun vun der Chamber ass haut eng offiziell Delegatioun aus dem portugisesche Parlament hei zu Lëtzebuerg. Ugefouert vum President vun der Assemblée, dem José Pedro Aguiar-Branco.
D'Delegatioun féiert Gespréicher mat Deputéierten, mam Premier a mam Ausseminister. Si gëtt och an Audienz am Palais empfaangen. En Donneschdeg ass se och, zesummen mam Chamberpresident Claude Wiseler, beim Pèlerinage bei d'Fatima zu Wolz mat derbäi.

Back to Top
CIM LOGO