Recommandatioune vun der RegierungOppositioun hannerfreet Sënn vun Ausgangsspär, Kritik un Timing

RTL Lëtzebuerg
D'Oppositioun huet e Méindeg op déi nei Ausgangsspär reagéiert, déi e Freideg vun der Regierung annoncéiert gouf.

„Et ass komplett irrational, wat se probéieren ze maachen!", „D'Ausgangsspär ass en absolutten No-go!" an „Déi nei Mesurë sinn éischter Ausdrock vun enger Verzweiwlung a vun enger Net-Preparatioun vun der Regierung!": Sou huet de Marc Baum e Méindeg de Moien op d'Recommandatioune vun der Regierung reagéiert, fir d'Covid-Zuelen an de Grëff ze kréien. Den Deputéierte vun déi Lénk sot sech virun allem iwwerrascht iwwert d'Ausgangsspär. Domat géif d'Regierung eppes proposéieren, wat et an där Form zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich net ginn hätt a woumat mer keng Erfarung hätten, am Géigesaz zu Frankräich an der Belsch. D'Populatioun stéing elo ënner Generalverdacht, amplaz dass do géif intervenéiert ginn, wou et Problemer gëtt:

Marc Baum:„Ech hunn et absolut erstaunlech fonnt, dass de Freiden op der Pressekonferenz kee Wuert verluer ginn ass iwwert de ganzen Educatiounssecteur! Ech hunn et erstaunlech fonnt, dass näischt gesot ginn ass iwwert den ëffentlechen Transport, notamment de Schülertransport, wou Kanner/Jonker, dicht op dicht gedrängt sëtzen, wou ee scho laang hätt missen aner Mesuren huelen! Ech hunn och näischt héieren iwwer aner blann Flecker, wéi zum Beispill den Horeca-Secteur, an ech fannen et absolut widderspréchlech, dass een de Leit seet 'Bleift Doheem' a gläichzäiteg léisst een den Horeca-Secteur op, mat der Begrenzung op 4 Leit, wat zu näischt anescht féiert, dass deen elo komplett ausbludde wäert!"

Reaktioun Marc Baum

Et wär méi konsequent gewiescht, dee Secteur ganz zouzemaachen an him dës Kéier awer wierklech ze hëllefen, sou de Marc Baum, deen nach vun engem „komplette Broch mat der Strategie vu bis elo" geschwat huet. Dass trotz ënnert anerem dem „Large Scale Testing" all d'Fréiwarnsystemer versot hätten, géif him ze denke ginn, huet de Vertrieder vun déi Lénk betount. Déi gréisst Kritik wär awer déi, dass d'Regierung net preparéiert wär, op kengem Niveau:

„All Mënsch huet dovu geschwat, dass am Hierscht eng zweet Well kënnt! Et war just d'Fro vum Zäitpunkt, wéini se kënnt. Elo seet d'Regierung: Ma déi zweet Well ass do, mir mussen d'urgence handelen! An ech stelle fest, et ass näischt prett! Et si keng Gesetztexter do, déi duerchgespillt gi sinn, et si keng Stufepläng do, wou een hätt kënnen am Virfeld aner Saachen, aner Mesuren en place setzen, wéi eben elo de franséische Couvre-feu. An dat ass wierklech eng fundamental Kritik, dass déi 4-5 lescht Méint vun der Regierung net genotzt gi sinn, fir sech selwer ze preparéieren op eng méiglech zweet Well. Dat ass, mengen ech, wierklech déi allerstäerkste Kritik, an dat ass a mengen Ae wierklech fahrlässeg!"

Reaktioun Marc Baum 2

Fir de Sven Clement dann ass et falsch, all Café an all Restaurant an een Dëppen ze geheien an ze soen, do géif sech net un d'Reegele gehale ginn. Et géif sécherlech Plaze ginn, wou d'Virschrëften net respektéiert ginn; dat wär awer och am Privaten de Fall. Den net-Respekt vu Reegelen un der Auerzäit festzemaachen, ass dem Deputéierte vun de Piraten no cocasse:

Sven Clement: „Mir stellen och einfach d'Sënnhaftegkeet vun engem generaliséierte Couvre-feu a Fro, wa mer eis einfach ukucken, wéi eng Situatioune mer haut am ëffentlechen Transport hunn, wéi enk d'Leit do awer openee stinn, fir op d'Aarbecht an an d'Schoul ze kommen. Mir stellen eis d'Fro, firwat et weiderhi separat Reegele fir d'Schoul gëtt, wärend d'generell Populatioun gesot kritt, Dir musst d'Mask unhalen an 2m Distanz halen, wann Dir zu méi wéi 4 sidd, ass dat an de Schoulen zu kengem Moment gewährleescht. Et ass also net hei eng Saach, dass mer mengen, et géif ee sech am Café net ustiechen, et ass éischter eng Fro, dass mer eis do eng méi grouss Koherenz géife wënschen, an anerersäits och mol iwwerhaapt e Beweis, dass e Couvre-feu eppes géif bréngen!"

Reaktioun Sven Clement

A Länner mat enger Ausgangsspär wäre keng signifikativ Verbesserunge festgestallt ginn, seet de Sven Clement, deen eng Maskeflicht bei grousse Rassemblementer als eng méiglech Pist ugesäit. Donieft sollten d'Frequenz vum ëffentlechen Transport adaptéiert an d'Schoulen decaléiert ufänke gelooss ginn. De Vertrieder vun der Piratepartei wëll och 5 Deputéierte fannen, fir e Vote séparé iwwert d'Ausgangsspär ze kréien. Mam Rescht vun de Recommandatioune wär een dogéint d'accord.

Schlechten Timing

D'Regierung hätt der CSV no éischter sollen handelen. D'Regierung hätt déi Donnéeën, déi Restriktiounen néideg maachen, éischter gehat ewéi se et behaapt, sou den CSV-Parteipresident. De Frank Engel sot am RTL-Interview e Méindeg de Moien, datt kee Mënsch et géing gleewen, datt e Mëttwoch alles ënner Kontroll soll gewiescht sinn - sou wéi d'Regierung et behaapt huet - an 48 Stonnen drop net méi. D'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat e Freideg insistéiert, datt et zwee Deeg virdru schwéier ze vertriede gewiescht wier, Restriktiounen ze decidéieren. De Frank Engel gleeft dat einfach net a verlaangt, datt d'Regierung de Leit d'Wouerecht seet.

Extrait Frank Engel

Elo wier eng Woch tëscht der Annonce vun der Regierung an dem Moment, wou d'Mesuren a Kraaft trieden. Dem Frank Engel no riskéiert een entweder, datt d'Situatioun fortleeft, oder et geschitt e Wonner an d'Situatioun verbessert sech. „Mir lafe permanent der Evolutioun no", sou den CSV Parteipresident. Hie refuséiert och, der Chamber d'Schold ze ginn, datt et esou laang dauert. D'Regierung hätt de ganze Summer Zäit gehat, fir eng gesetzlech Basis auszeschaffen, fir et z'erméiglechen, am Fall vun enger Evolutioun vun de Paramenter, punktuell ze handelen.

Extrait Frank Engel 2

D'CSV wäert déi nei Restriktioune matstëmmen. Bei Verstéiss géint d'Ausgangsspär erwaart sech de Frank Engel och Strofen, déi ze spiere sinn. Wann ee méi oder manner bewosst zur Verbreedung vun enger potentiell schwéierer bis déidlecher Krankheet bäidréit, da wier dat kee Kavaléiersdelikt.

Net all Secteur krut Mesuren imposéiert

D'sanitär Kris däerf net ënnerschat ginn, allerdéngs geet d'Ausgangsspär vill ze wäit. Där Meenung ass de Fernand Kartheiser. Den ADRDeputéierte sot am RTL-Interview, et wier net um Staat, fir esou eppes virzeschreiwen. Et misst een den Equiliber fannen tëscht dem Respekt vun den individuelle Fräiheeten an de sënnvolle Moossnamen, fir géint eng Krankheet virzegoen. Als Beispill nennt hien d'privat Partyen, wou ee kéint anescht an extpenal virgoen. „Datt ee muss am Ganze Land Leit aspären nuets, well op 2 oder 3 Plazen iwwerdriwwe gëtt, dat ass einfach vollkommen disproportionéiert", sou de Fernand Kartheiser. Hie beklot och, datt a deenen enge Secteure Moossnamen imposéiert ginn, iwwerdeems an anere Beräicher nach näischt geschitt wier. Hei nennt hien als Beispiller d'Schoul oder de Schoultransport.

Am Géigesaz zur CSV fënnt d'ADR net, datt d'Regierung ze spéit gehandelt hätt. D'Regierung hätt nämlech méi Donnéeën ewéi d'Chamber. De Fernand Kartheiser fënnt, d'CSV „geet och vill ze wäit" zum Beispill, wa se eng Tracing-App fuerdert.

D'ADR géing déi nei Covid-Mesuren analyséieren, wann déi e Méindeg de Metteg bis schrëftlech presentéiert ginn. Ouni Prezisiounen iwwert de Schutz vun der Grondrechter géing d'ADR awer éischter dogéint stëmmen, sou de Fernand Kartheiser.

Exrait Fernand Kartheiser

Back to Top
CIM LOGO