clc, Fédération des Artisans an HorescaOppene Bréif un Dan Kersch iwwer Independanten a punkto Corona-Kris

Claudia Kollwelter
D'Facebook-Aussoe vum Dan Kersch géintiwwer Indépendante suerge weider fir Opreegung.
Dan Kersch iwwer Independanten an der Corona-Kris
D'Facebook-Aussoe vum Dan Kersch géintiwwer Indépendante suerge weider fir Opreegung.

D'Independante mussen d'nämmlecht behandelt gi wéi déi aner Bierger, dat fuerderen d'Conféderation du Commerce, d'Féderation des Artisans an d'Horesca an engem gemeinsame Communiqué, mat deem se op d'Facebook-Aussoe vum Dan Kersch reagéieren. Déi 3 Presidente vun den Associatioune schreiwen, datt een aktéiere géif, datt de Vize-Premier an Aarbechtsminister sech net fir seng Meenung entschëllege wéilt, datt et net d'Zil wier, elo räich Independanten ze retten. Et géif ee sech och keng Entschëllegung, mä konkret Mesuren erwaarden.

Rosen Independanten/Reportage Claudia Kollwelter

Well och d'Independante missten dem President vun der Fédération des Artisans Michel Reckinger no e Recht op de Chômage partiel hunn: "Hie bezilt wéi all Salarié och seng Cotisatiounen a Steieren. Och haut schonn, wann e seng Aarbecht verléiert, kann e Chômage ufroen. Dann ass et eng Evidenz, datt en och hei an de chômage partiel ka falen. An et ass just politesche Wëllen, dee muss do sinn, fir dat opzemaache fir den Independant."

Anescht wéi de Minister géing mengen, géif och fir Independanten e Risk bestoen, fir an de Chômage ze falen.

"Et ginn 21.000 Independanten an dovu sinn der 18.000, déi manner wéi 4.000 Euro am Mount verdéngen an dat gesäit ee jo un de Cotisatiounen. Hie sëtzt also 18.000 gläich mat deenen 3.000, déi vläicht méi verdéngen, an dat kënne mir einfach net acceptéieren."

Och d'Allianz vun den Independanten a Startuppe versteet net, datt de Minister hei differenzéiert. De President Giovanni Patri betount, datt kee géif fuerderen, datt den Dan Kersch seng Meenung ännert: "Mee jidderee seet: Kuckt iech d'Leit un! Dir sidd am Gaang, engem Deel vun der Gesellschaft ze soen, datt der deenen net hëllefe wäert! Nimools hätte mir eis kënnen erwaarden, datt ee vun de Ministeren an der Regierung dat kéint ëffentlech soen."

Vill Independanten hätte schonn Existenz-Problemer a wann dëse Mount näischt géif geschéien, fäert de President vun der Fédérations des Artisans, datt nach Weiderer wäerten op der Streck bleiwen.

PDF: Oppene Bréif un den Dan Kersch

Back to Top
CIM LOGO