Sécurité alimentaireOpgepasst: Kontaminéiert Sesamkären a verschiddene Produiten

RTL Lëtzebuerg
Et ass den Opruff, dass d'Consommateure reegelméisseg d'Lëscht mat de betraffene Liewensmëttel kontrolléiere sollen.

D'Sécurité alimentaire gouf nämlech e puer Mol kontaktéiert wéinst Produkter, an deene Sesamkäre verschafft goufen, déi mat Ethylenoxid kontaminéiert sinn. Ënnert anerem a Bagelen, Baguetten, Brout oder Miel.

Déi ganz Lëscht mat de betraffene Liewensmëttel kann een hei noliesen.

Et gëtt recommandéiert, déi kontaminéiert Produiten net z'iessen. Bei enger reegelméisseger Consommatioun vu Ethylenoxid kéint et zu gesondheetleche Problemer kommen.

PDF: Communiqué Sécurité alimentaire

Back to Top
CIM LOGO