
Dat huet de Verwaltungsrot zesumme mat der aktueller Directrice esou decidéiert.
An deem Sënn wäert och geschwënn en Zeienopruff lancéiert ginn, wou sech Betraffener oder Zeie vertraulech kënne mellen. Enn Oktober d’lescht Joer hat de Parquet, no engem Artikel bei de Kolleege vu reporter.lu, confirméiert, dass géint e fréieren Direkter vum “Lëtzebuerger Kannerduerf” enquêtéiert géif. Hie kritt Attentat à la pudeur virgehäit.
D’Direktioun vun der Fondatioun selwer hat d’Justiz am Mäerz zejoërt saiséiert. D’Faite léichen iwwer 20 Joer zeréck. De Verdächtege soll e Meedchen, wat deemools grad 18 Joer al war, sexuell harceléiert hunn.
De Mann ass mëttlerweil an der Pensioun, mä hat bal 30 Joer laang d’Kannerduerf zu Miersch geleet.