No Aggressioun mat Messer a Stater ElektrogeschäftOGBL an LCGB fuerdere bessere Schutz fir Sécherheetsleit
Nom Virfall mat engem blesséierte Sécherheetsmann verlaangen d'Gewerkschafte vun den Entreprisen, datt se hir Sécherheetsleit besser protegéieren.
An engem Communiqué ginn eng ganz Rëtsch Mesurë gefrot. Ënner anerem sollen d'Agente méi Moyene kréien, et solle Formatioune proposéiert gi fir d'Gestioun vu Konflikter an d'Sensibiliséierung vu Risken. D'Doleancë vun OGBL an LCGB adresséiere sech awer net just un d'Firmen. Och de legale Kader soll méi strikt gemaach ginn an d'Strofe verschäerft ginn.
(04.03.2025) Playstation 5 an Elektrogeschäft geklaut: Sécherheetsmann mat Messer blesséiert an a Spidol komm
Liest hei de gemeinsame Communiqué vun OGBL an LCGB