112 just bei Noutfäll uruffenOch beim CGDIS ass den Impakt duerch déi vill Infektiounen ze spieren

Annick Goerens
D'Zuel vun den Asätz louch an der Lescht bei 180 Interventiounen den Dag an der Moyenne. Par Rapport zu 140 an normalen Zäiten.

D'Infektiounszuele klammen iwwerall am Land an och eis Rettungsdéngschter kréien den Impakt dovunner ze spieren. A besonnesch d'Hygiènesmesuren, déi zanter dem Fréijoer mussen applizéiert ginn, an och Personal-Ausfäll maachen dem CGDIS den Ament ze schafen.

Coronavirus beim CGDIS/Reportage Annick Goerens

Zanter dem Ausbroch vum Coronavirus am Fréijoer hunn nämlech net just d'Schutz-Tenuë vum Personal missen adaptéiert ginn, wa se ee Covid-Patient siche waren, ma och d'Ambulanze musse mëttlerweil nom Asaz speziell desinfizéiert ginn. Dofir goufen an 3 CGDIS-Zentren Desinfektiounsstatiounen opgebaut: dat zu Ettelbréck, an der Stad an zu Esch, erkläert de Generaldirekter Paul Schroeder.

"Dat huet eben dann zwou Contrainten. Wat d'Schutztenuen ugeet, sou wär een haut gutt opgestallt. Dat wär awer natierlech méi contraignant fir d'Personal, wa se domat an den Asaz ginn. A mir hunn op der anerer Säit natierlech méi laang Standzäite vun eisen Ambulanzen duerch déi Desinfektioun, déi muss gemaach ginn. Wou ee kann rechnen, dass eng Ambulanz no engem Covid-Asaz ronn 2 Stonnen net kann an een nächsten Asaz geholl ginn."

Den Ament sinn iwwregens am Schnëtt eng 25 Ambulanzen uechter d'Land am Asaz, déi awer och manner gutt besat si wéi nach am Fréijoer.

"Dat ass een Ënnerscheed natierlech par Rapport zu der éischter Phas, wou de Lockdown do war, wou mer op all déi Fräiwëlleg konnten zeréckgräifen. Am Moment ass et sou, dass déi hire Beschäftegunge weider noginn, sou dass mer elo am Alldag net sou vill Ambulanzen besat hu wéi dat wärend dem Lockdown de Fall war."

Anerersäits huet natierlech och de CGDIS Personalausfäll. Aktuell wäre vun den Haaptberufflechen 13 Persounen an Isolatioun a 7 Leit an enger preventiver Quarantän. Bei de Fräiwëllegen huet ee keng genee Chifferen, do verléisst ee sech awer op d'Kommunikatioun mat den Zenter-Cheffen. Et géing een den Ament op alle Fall ee gewëssenen Drock spieren, mee et huet een och Léisungen.

"Wat mer am Gaangen sinn ze kucken, wéi mer intern Leit kënne mobiliséieren. Engersäits hu mer Beruffspompjeeën, déi an administrative Servicer schaffen, fir eben och ze kucken, déi den Ament erëm operationell um Terrain anzesetzen. Anerersäits hu mer och fräiwëlleg Pompjeeën. An duerno misste mer dann och kucken, ob Fräiwëlleger bei Staat a Gemeng, wéi de Staat et och gemaach huet bei der réserve sanitaire, fir ze kucken, wou mer Leit hunn, wat ebe Fräiwëlleger vum CGDIS sinn."

Et wär op alle Fall e Stufeplang do. A wann et ganz haart op haart géing kommen, da kéint een och Personal op de Gefierer reduzéieren, zum Beispill op engem Pompjeescamion, fir se dann do ze konzentréieren, wou ee se géing brauchen, sou den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Échange entre Taina Bofferding et les responsables du CGDIS dans le cadre de la seconde vague COVID-19 (29.10.2020)

Communiqué par: ministère de l'Intérieur / Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)La ministre de l'Intérieur Taina Bofferding a échangé par voie de visio-conférence avec les responsables du Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) afin de se renseigner sur la situation du terrain et l'impact de la COVID-19 sur les opérations des femmes et hommes pompiers du pays.

À l'occasion de cet appel, la ministre a pu se rendre compte de l'efficacité des mesures internes strictes mises en place par le CGDIS depuis l'apparition du coronavirus afin d'éviter au mieux la propagation du virus en ses rangs, protéger ses membres et ainsi garantir la continuité des activités des services de secours au Luxembourg.

La ministre a souligné l'engagement exemplaire de l'ensemble des femmes et hommes du CGDIS en ces temps exceptionnels en leur assurant son soutien pour les semaines à venir:

«Avec l'augmentation de cas COVID-19 positifs, l'investissement de chaque femme et homme du CGDIS est d'autant plus important. Nos concitoyennes et concitoyens comptent sur vous dans les situations d'urgence, comme celle que nous vivons actuellement! Au nom du gouvernement, je vous remercie de votre contribution et de votre solidarité pour nous soutenir dans ces temps difficiles.»

Le nombre journalier des interventions liées à la prise en charge ou au transport de patient-e-s est en croissance constante avec une moyenne journalière de 180 interventions ces derniers jours par rapport à un chiffre habituel de 140. Il est à noter que la prise en charge de patient-e-s potentiellement ou confirmé-e-s COVID positif entraîne une chaîne complexe de procédures d'un point de vue de l'équipement personnel des pompiers et de désinfection des véhicules.

Parallèlement, et contrairement aux temps de la première vague, nous faisons face à un nombre croissant d'auto-quarantaines, ainsi les volontaires ne pourront pas être aussi disponibles qu'ils l'ont été au printemps. Les responsables du CGDIS évaluent alors les différentes possibilités à mettre en œuvre, qui leur permettront, en cas de nécessité, de mobiliser des réserves supplémentaires, par exemple en faisant appel aux stagiaires encore en formation ou à des pompiers professionnels affectés à des tâches administratives.

Pour finir, on relève qu'un nombre conséquent d'appels liés à des renseignements non urgents parviennent actuellement au Central des secours d'urgence 112. Outre plus de 1100 appels entrant en moyenne chaque jour, viennent actuellement s'y greffer une centaine d'appels liés à des questions COVID qui ne concernent pas une demande de secours. Il est en outre à signaler que la moyenne actuelle est très supérieure aux 800 appels journaliers relevés en 2019.

Il est alors fait appel à la population de se renseigner via les canaux officiels du gouvernement : covid19.lu et de ne contacter le 112 qu'en cas d'urgence.

Back to Top
CIM LOGO