Pénktlech fir de Regierungsrot um Freideg de Moie läit dem Premier a senge Ministeren e weidert Schreiwes vir, an deem d’Syndikater d’Regierung iwwert de Mindestloun interpelléieren an ënnersträichen, datt de soziale Klima sech weider duerch déi lescht Deeg verschlechtert hätt. Dee Courrier läit RTL vir.
OGBL an LCGB fuerderen an där Missive, datt mam strukturellen Unhiewe vum Mindestloun dem Phenomeen vun de working poor entgéintgewierkt gëtt an datt d’Leit, déi schaffe ginn, och kënnen anstänneg vun hirem Loun hiewen. D’Diskussioun géif wäit iwwert d’Debatt ëm Rechemethoden erausgoen, mee et wier lo de Choix tëscht entweder dem Banaliséiere vun der Aarbecht oder dem Opwäerte vun der sozialer Kohäsioun.
Duerfir den Appell vun der Syndikatsunioun un d’Regierung, fir sech deem bewosst ze sinn, wa se e Freideg de Moien iwwert d’Upasse vum Mindestloun debattéiert an och d’Responsabilitéiten entspriechend ze huelen.
Vu gewerkschaftlechen Aktiounen oder soss Menacë geet am Bréif vun dësem Freideg weider net rieds, och den Toun ass gedam, sou datt net weider verbal Aggressioun soll propagéiert ginn.
Datt um Freideg de Moien eng Decisioun iwwert d’Héicht vum Unhiewe vum Mindestloun dierft falen, ass net warscheinlech - nach dës Woch hat den Aarbechtsminister drop verwisen, datt hie sech nach géif Zäit ginn, fir seng politesch Decisioun ze huelen.
E Samschdeg ass de Marc Spautz iwwerdeem den Invité am RTL Background am Gespréich live um Radio.