Gewerkschaften iwwer Reprise um BauOb Reegelen um Terrain agehale ginn, gëtt iwwerwaacht

RTL Lëtzebuerg
Datt d'Sécherheet vun de Leit weider am Mëttelpunkt steet, doru loossen OGBL an LCGB an enger éischter Reaktioun keen Zweiwel.

D'Gewerkschaften waren dës Woch a Gespréicher fir groussherzoglecht Reglement auszeschaffen an deem festgehale gëtt, wéi eng Moossnamen an de Betriber vun der Constructioun musse gëllen, fir datt d'Leit aus deem Secteur hier Gesondheet maximal kënne schützen, wann d'Chantieren e Méindeg erëm opginn.

Datt d'Sécherheet vun de Leit weider am Mëttelpunkt steet, dodru loossen OGBL an LCGB an enger éischter Reaktioun keen Zweiwel.  Dat Reglement soll e Freideg am Regierungsrot ugeholl ginn.

D'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL: Dat ass elo effektiv och e bësse kuerzfristeg a mir sinn dann elo iwwer d'Pressekonferenz gewuer ginn, dass elo e Méindeg d'Chantieren opginn. Dat heescht, mir hoffen a mir wäerten och no suivéieren, ob all déi Mesuren, déi an der Theorie elo geholl ginn, fir d'Sécherheet vun de schaffende Leit ofzesécheren, dass déi och séier kënne vun der Theorie an d'Praxis ëmgesat gi bis e Méinden.

D'Nora Back

Datt iwwerwaacht gëtt, ob déi Reegelen, dono och um Terrain applizéiert ginn, dat ënnersträicht och de Patrick Dury, de President vum LCGB.

D'Diskussioun mam Patronat iwwert de Congé collectif am Summer, déi leeft nach ëmmer.
Den OGBL an och den LCGB soen op Nofro hin, kloer an däitlech, datt si deene Gespréicher net wëlle virgräifen, ma bei de Gewerkschaften geet et den Ament awer an eng Richtung.

Patrick Dury: Ech wëll just soen, dass mer bis elo ëmmer gesot hunn, et ass e bësse fréi, fir iwwert de Congé collectif am Bau ze schwätzen. Ech mengen och, dass d'Argument, fir den 20. Abrëll erëm unzefänken, en Argument wier, fir net de Congé collectif elo d'office ofzeblosen, mä fir u sech de Congé collectif bäizebehalen. Well mir haten och Joren, wou mer eng grouss Zuel un Deeg duerch Intemperien u sech verluer hunn. Mir sinn der Meenung, mir sollen elo e Méindeg ufänken, mer sollen d'Leit forméieren op déi gestes barrières, op alles dat wat se sollen anhalen. Da sollen d'Schantercher ulafen an da musse mer an noer Zukunft kucken, wat mer vu Léisungen do brauchen, ob sech do eppes imposéiert oder net.

De Patrick Dury

D'Nora Back erënnert nach emol drun, datt dat hei och eng schwéier Situatioun ass, fir d'Leit déi am Bau schaffen. Et kéint een net soen, si hätte sech jo elo erholl a bréichten dofir keng Vakanz méi am Summer.

Back to Top
CIM LOGO