Invité vun der Redaktioun (23. Februar) - Daniel CollingRezent Incidente bei der Luxair - Operationelle Chef schwätzt vu Pech

Pierre Jans
E Méindeg de Moie war déi national Fluchgesellschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Daniel Colling
E Méindeg de Moie war déi national Fluchgesellschaft Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

D’Luxair hätt kee strukturelle Problem, mä den Ament op operationellem Niveau eng Serie vu Pech. Esou huet den Direkter vun den Operatioune bei der Luxair déi rezent Incidente beschriwwen. Den Daniel Colling war Invité vun der Redaktioun.

Nei Embraer-Fligere mat klengen technesche Problemer, e Rass an der Scheif vum Cockpit vun enger eelerer Boeing, eng Noutlandung an Demi-Touren. Dem Daniel Colling no besteet keen Zesummenhang tëscht dësen Incidenten.

D‘national Fluchgesellschaft wär den Ament an enger Transitiounsphas. D’Havilland Q400-Modeller ginn duerch Embraer ersat, eeler Boeinge wäiche fir nei Maschinne vun der Mark. Allerdéngs wären nach méi al Fligeren a Betrib, déi hätten och méi dacks kleng technesch Problemer ewéi fonkelneier, huet den Daniel Colling erkläert.

Reng Virsiichtsmoossnamen

Geféierlech wären d’Incidenten och net gewiescht, verséchert de Chef vun den Operatioune bei der Luxair. Den Daniel Colling sëtzt selwer zanter iwwer 30 Joer am Cockpit. Hie schwätzt vu reng preventive Mesuren a betount, dass d’Piloten an alle Fäll alles richteg gemaach hätten. Ma souwuel am Fall vun der Noutlandung zu Nice den 23. Januar wéinst engem Problem mam rietse Fuerwierk un engem De Havilland Q400, wéi och bei deem mam Rass an der Cockpit-Fënster, hätt de Fliger u sech kënnen ouni Risiko weiderfléien. Déi responsabel Piloten hätte sech awer kloer un d’virgeschriwwen exigent Sécherheetsprozedure gehalen.

Dobäi kënnt, dass d‘Boeing 737-700 bei där de Rass festgestallt gi war, den eelste Fliger vun der Luxair war. “War”, well d‘Maschinn entretemps no 22 Joer aus dem Verkéier gezu gouf. Déi Mesure wär awer scho zejoert am Verwaltungsrot geplangt gewiescht. Am Prinzip wär bei hirem leschte kommerzielle Vol d’Fënster gerass, huet den Daniel Colling ze bedenke ginn. Well esou eng Cockpit-Fënster siwe Schichten huet an dëse Rass ganz bausse war, hätt och keng Gefor bestanen.

Bei der Noutlandung zu Nice war “just” ee vun den zwee Sensoren un de Rieder defekt, net d’Fuerwierk selwer. De concernéierte Fliger wär och am Dezember an enger grousser Revisioun gewiescht. D’Luxair-Maintenance misst déi Sensoren all 600 Stonnen iwwerpréiwen. Si géif dat awer elo méi dacks maachen.

Kommunikatioun verbesseren

Verbesserungspotential gesäit den operationellen Direkter vun der Luxair bei der Prise eng charge vun de Passagéier, déi vun enger Irregularitéit betraff sinn.
Dem Daniel Colling no kann d’Kommunikatioun vun der Airline nach besser ginn. Un 38 neie Mesuren fir de Service um Client ze verbesseren, géif scho geschafft ginn, verséchert den Invité vun der Redaktioun.

Zejoert hat d’Luxair 32.000 Volle programméiert. An 160 Fäll huet de Fliger missen um Buedem bleiwen. Dat war en Dispatching, also geplangten an och erfollegräich realiséiert Vollen, vun 99,5 Prozent, wat an der Branche als gutt gëllt. Dëst Joer wär mat engem Dispatching vun eppes iwwer 98 Prozent nach Loft no uewen, huet den Daniel Colling zouginn. De Chef vun den Operatioune vun der nationaler Airline ass iwwerzeegt, dass dat ze maachen ass, well d’Flott jo amgaangen ass, erneiert ze ginn.

Embraer-Fliger wären de gudde Choix

Bei 3 vun iwwer 120 kommerzielle Volle vun der neie Embraer-Maschinn gouf et technesch Problemer. Zum Beispill den 20. Januar. Do hat en neie Fliger vun der Luxair, deen ënnerwee op Mailand war, no kuerzer Zäit missen ëmdréinen – wéinst der Meldung vun engem Capteur.

Mam bekannte Problem un de Motore vun deem Modell hätt deen Incident näischt ze dinn, huet den Daniel Colling betount. E Capteur hätt erratesch Messagë ginn, doropshin hätt de Pilot zu Recht decidéiert gehat, zeréck op de Findel ze fléien, wou deen Ament e Mecanicien vun Embraer geschafft huet.

Den Daniel Colling kennt awer d‘Problemer, déi d’Motore vu Pratt & Whitney bei äisegen Temperaturen a schlechte Konditioune kënnen hunn. Iwwer 2.300 Fligere fléie weltwäit mat deene Motoren. Dat ass kee Problem vun Embraer. Den equivalente Modell vun der Konkurrenz vun Airbus huet de selwechte Motor.
Den Embraer wär dee gudde Choix. Dovun ass den erfuerene Pilot iwwerzeegt.

E Méindeg de Moien war déi national Fluchgesellschaft Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO