Nei-Infektiounen ënner Kontroll"Normalen" Alldag nach net méiglech

Pierre Weimerskirch
D'Situatioun hätt sech stabiliséiert, virop wat d'Zuel vu Nei-Infektiounen ugeet.
Interview mam Rudi Balling: Nei-Infektiounen ënner Kontroll
D'Situatioun hätt sech stabiliséiert, virop wat d'Zuel vu Nei-Infektiounen ugeet.

dat wier op di strikt Mesuren zréck ze feieren, esou de Rudi Balling, Direkter vum LCSB, deen zesumme mat anere Fuerscher Previsiounen iwwert de Verlaf vun den Infektioune mécht.

All Owend publizéiert d'Santé déi neisten Zuele vu Leit, déi positiv op de Coronavirus getest goufen. Ma wat soen eis dës Zuelen iwwerhaapt? Wëssenschaftler vum Grupp Research Luxembourg analyséieren dës Statistike permanent a versichen och Previsiounen ze maachen, wéi d'Entwécklung wäert virugoen.

Bis elo hätt eise Gesondheetssystem, virop d'Spideeler, de Stresstest bestanen. Ma de Retour an en "normalen" Alldag wier elo net méiglech. Eng Exit-Strategie misst op alle Fall begleet mat weiderem Testen a mat Contact-Tracing - also déi Persounen ze isoléieren, déi mat Infizéierten a Kontakt komm sinn. Hei gëtt et weltwäit e grousse Konsens an der Wëssenschaft.

Et wier eng komplex Situatioun, wou een et fäerdeg brénge misst, d'Zuel vun Nei-Infektiounen esou kleng wei méiglech ze halen, datt een net erëm eng onkontrolléiert Verbreedung kritt.

Back to Top
CIM LOGO