CHdNNeie Scanner ass elo prett am Ettelbrécker Spidol

RTL Lëtzebuerg
Den neie Scanner ass exklusiv fir Patienten geduecht, déi mam Coronavirus infizéiert sinn.

Den neie Scanner ass a Rekordzäit installéiert ginn.

Hei den Temoignage vum Service technique vum CHdN

Wéi installéiert een e Scanner a Rekordzäit? En Témoignage vun eisem Kolleesch Cliff Nosbusch, Chef vum Service technique. Ee Riiisebravo un hien a säin Team👏🏻👏🏻👏🏻👏🏻💪🏼💪🏼💪🏼

“E Mëttwoch um 11:00 war GE am Haus. Zënter dunn ass den Service Technique nonstop um Dill:

- 350kg Bläi goufen un d'Mauer gehong fir dem Strahleschutz gerecht ze ginn. Dësen hu mir zu St Vith bei engem Daachfachhandel besuergt;
- d'Tëscheplack gouf dono mat Gipsplacken verkleed, gespachtelt, tapizéiert an ugestrach;
- Eng Fenster krut eng zousätzlich Strahleschutzscheif;
- D’Dier zum Stütpunkt krut eng weider Schicht Bläi vun 1,25mm;
- Den Haaptschaltschaf gouf emgebaut fir d'Stroumversuergung kënnen ze garantéieren;
- E Potenzialausgläich vu ganzer 50m2 huet missen nogezu ginn;
- Eng Schweesskonstruktioun aus Stohl gouf gebaut fir de Scanner kënnen drop ze montéieren;
- Den Duebelbuedem ass ugepasst ginn;
- 3 Warnluuchte sinn ausserhalb vum Sall montéiert gin;
- D’Notausverkabelung ass ugepasst ginn.

All dës Aarbechte konnte just sou séier gemaach ginn, well de ganze Service Technique Hand an Hand zesumme geschafft huet a well all eis Partnerfirmen (Thiex, Luxpower, Besenius an Luxforge) eis absolut ennerstëtzt hunn.
Hinnen all e grousse Merci!”

Back to Top
CIM LOGO