Méi Pai, méi Congé a besser Perspektive fir d'KarriärNeie Kollektivvertrag am Spidolssecteur gouf en Donneschdeg ënnerschriwwen

Andy Brücker
Eng 10.000 Salariéë profitéiere vum neie Kollektivvertrag.
© FHL

D’Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois (FHL), den OGBL an de LCGB hunn eng nei Kollektivkonventioun (CCT) fir ronn 10.000 Salariéeën am Spidolssecteur ënnerschriwwen. Den Accord knäppt um Tëschenaccord vu Juli 2025 un a bréngt weesentlech Verbesserunge bei der Pai, der Aarbechtsorganisatioun an de Méiglechkeeten an der Karriär.

Fir 2025 kréien d’Salariéeën eng eemoleg Primm vu 3,79 % vum Joresbrutto, ausbezuelt am Laf vun dësem Joer. Fir 2026 ass eng Enveloppe vu 4,07 % virgesinn, dorënner eng Erhéijung vum Punktwäert ëm 0,69 % an eng Revalorisatioun vu verschiddene Karriären (+6 Punkte fir C5 a C6). Dës Upassungen orientéiere sech un de Pai-Accorde vun der Fonction publique.

D’Aarbechtskonditioune ginn och verbessert: Ee Congésdag wäert vun elo 8 Stonnen gezielt ginn amplaz 7,6. Dat bedeit bis zu 14,4 Stonne Congé méi pro Joer, ouni datt d’Laascht fir d’Personal eropgeet – dës gëtt duerch nei Astellungen opgefaangen.

Eng weider wichteg Reform ass déi vun der Anciennetéit, déi de professionelle Parcours méi gerecht mécht. D’"carrières transitoires” ginn ofgeschaaft, an d’Reklassementer ginn ouni Verloschter garantéiert. Och d’Rechter vun de Personaldelegatioune ginn ausgebaut.

D’Gewerkschaften an d’Spidolsfederatioun ënnersträichen, datt den Accord eng staark Verbesserung vun de Konditiounen, méi Attraktivitéit fir de Secteur an e wichtege Schrëtt géint de Personalmangel duerstellt.

Pressecommuniqué
Neie Kollektivvertrag

Back to Top
CIM LOGO