Opgepasst: Fake News!Nee, et gëtt keng "Solidaritéitssteier vun 1,9%" agefouert

RTL Lëtzebuerg
Opgepasst: Et zirkuléiert rëm eng falsch Informatioun um Internet a Form vun engem gefälschte Bréif.

Op Facebook, Whatsapp, mee och per Email geet e Bréif mam Logo vum Finanzministère ronderëm.

An deem Bréif steet, d’Regierung an d’Sozialpartner wiere sech eens ginn, fir eng Solidaritéitssteier vun 1,9% fir all d’Leit a Betriber anzeféieren. Dat fir "d'negativ Effeten vun der sanitärer Kris op d'Ekonomie ofzefiederen". Ofgesinn vun e puer Schreiffeeler ass scho Mol en Denkfeeler am Bréif, well eng Steier fiedert en negativen Impakt op d’Ekonomie natierlech net of, mee kann natierlech Krisemesuren finanzéieren.

Zweetens: Et gëtt schonn d’Solidaritéitssteier an déi finanzéiert de Fonds pour l’emploi. Den Auteur vum Bréif huet wuel éischter d’Krisesteier ("Contribution de crise" vun 2008) gemengt oder den Impôt d’équilibrage budgétaire temporaire vun 2015 an 2016.

An drëttens steet am Bréif "1er ministre", mee offiziell gëtt ëmmer "Premier ministre" geschriwwen.

De Finanzministère confirméiert och, datt et sech hei ëm eng falsch Informatioun handelt.

Eng Steiererhéijung stéing guer net zur Diskussioun. Et gëtt op den Interview vum Finanzminister hei op RTL verwisen, an deem de Pierre Gramegna sot, d’Staatsfinanze wiere gesond an d’Regierung géing eventuell eng Schold vun 3 Milliarden Euro maachen, fir de Stabiliséierungspak vun 8,8 Milliarden Euro ze finanzéieren.

Donieft kann ee präziséieren, datt just 1,7 Milliard Euro direkt Hëllef ass an déi aner Milliarden am Prinzip zeréckbezuelt ginn.

E Bréif fälschen, och wann et e Witz sollt sinn, ass strofbar.

Back to Top
CIM LOGO