
De Mount virdru louch den Taux nach bei 2,2%.
Et ass fir d’éischte Kéier zanter 3 an engem hallwe Joer, datt d’Präisser manner ewéi 2% geklomm sinn. Dat mécht weider Zëns-Reduktioune vun der europäescher Zentralbank méi probabel. Den Eurostat-Zuele no wier d’Inflatioun op Basis vum harmoniséierte europäesche Wuerekuerf am September zu Lëtzebuerg esouguer op 0,8% gefall.
De provisoreschen Zuelen vum Statec no ass d’Inflatioun dem nationalen Wuerekuerf no de leschte Mount op 1,3 % gefall – dat ass deen Indicateur, un deem d’Indextranchen hänken. E Méindeg ginn déi definitiv Zuele fir September vum Statec publizéiert.
Dat nationaalt Statistik-Institut gesäit bis elo fir dëst Joer eng Inflatioun vun 2,3 % zu Lëtzebuerg viraus. D’nächst Joer géing se nees op 2,6% klammen, notamment well d’Energiepräis-Brems erofgefuer ginn.
An deem Zenario wier eng Indextranche jeeweils um Enn vun dësem a vum nächsten Joer z’erwaarden. Ma mat der neier Entwécklung kéint d’Tranche, déi fir Enn 2024 erwaart gouf, no hanne réckelen.
An enger éischter Versioun vum Artikel goufen iertemlecherweis aner Zuele vum Eurostat zitéiert.