Sprengung e FreidegMat den RTL-Masten zu Beidler verschwënnt e Stéck Radiosgeschicht

Olivier Catani
Den 2. Januar 2023 gouf de Laangwellesender ofgeschalt. E Freideg wäerten d'Maste verschwannen
Mat den RTL-Masten zu Beidler verschwënnt e Stéck Radiosgeschicht
Den 2. Januar 2023 gouf de Laangwellesender ofgeschalt. E Freideg wäerten d'Maste verschwannen

Den Eugène Muller huet 36 Joer um Sender geschafft an erkläert, wéi d'Masten e Freideg mat enger spezieller Sprengung ofgebaut ginn a kuckt zeréck op déi gëllen Zäite vum Laangwelle-Radio.

De Schluss vun enger Ära

Zanter méi wéi 50 Joer präge si d'Landschaftsbild vun der Gemeng Jonglënster. Déi 290 Meter héich RTL-Masten. Exploitéiert gëtt de Site vum Broadcasting Center Europe, enger Duechtergesellschaft vun RTL Group. Den Eugène Muller erkläert, dass net d'Maste selwer gesprengt ginn, mee déi stole Seeler, déi d'Masten an der Riicht halen: "Des Passläischten hei, déi gi gesprengt. All Seel huet zwou esou Passläischten. An duerch d'Eegegewiicht vun deenen anere Seeler, déi net gesprengt ginn, zitt de Mast sech eigentlech vum selwen an déi aner Richtung.”

Sécherheet an Expertis am Mëttelpunkt

Gesprengt gëtt vun enger spezialiséierter Firma aus Däitschland. Bis elo goufen awer just grouss Big Bags mat Sand opgestapelt. Dës sollen d'Verbreedung vu Metallpartikelen no der Sprengung verhënneren. Wéi den Eugène Muller erkläert, geet et och dorëms, d'Solaranlag niewendrun ze schützen: "Dat ass fir ze verhënneren, wann d'Sprengladung lassgeet, datt sech déi Metallpartikelen, datt déi wäit fortfléien". De Sprengstoff kënnt e Freideg de Moien. An da gëtt de ganze Site mat de Masten och groussraimeg ofgespaart.

E Réckbléck op d'Glanzzäite vum Laangwelle-Radio

A Betrib geholl gouf d'Anlag zu Beidler 1972. Vun hei gouf de franséischsproochege Radiosprogramm vun RTL iwwert d'Laangwell a Richtung Frankräich diffuséiert. Viru Beidler gouf vu Jonglënster gesent. Déi Antenn war am Konkurrenzkampf mat anere franséische Radiosender awer net méi staark genuch. Den Eugène Muller erënnert sech nach un d'Roll vu Publicitéit an dësen Zäiten: "Ech mengen, déi meeschte Pub, d'Televisioun war nach guer net esou present déi Zäit, a wien déi beschte Couverture hat an déi beschte Qualitéit, dee konnt déi Publicitéit natierlech fir entspriechend méi Geld ubidden.”

D'Enn vun der Laangwell

Den 2. Januar 2023 gouf de Laangwellesender ofgeschalt. Awer net well d'Leit just nach FM oder digital Frequenze gelauschtert hätten. "D'Doudesurteel fir déi ganz Geschicht ass eigentlech komm, wéi dunn d'Energiepräisser ganz schnell a ganz séier an d'Luucht gaange sinn, duerch den Ukrainkrich zum Beispill, an do huet et jo knapps e Joer gedauert, do war et hei eriwwer, well et och ekonomesch net méi tragbar war.”

De Sender zu Beidler ass verkaf a gëtt grad demontéiert. An Zukunft wäert dann op dësem Site kee Stroum méi verbraucht, mee es mat de Solaranlage produzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO