D‘Frontalieren aus Frankräich virop, mä och all déi aner Leit, déi aus dem Süden iwwer Beetebuerg an d‘Stad mussen, dierft et net freeën.
D‘nächst Joer am Summer wäert den Zuchtrafic fir déi final Aarbechte vun der neier Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg nach eemol wärend zwee Méint ënnerbrach sinn, ier déi grouss Erliichterung da kënnt.
Et ass ee vun de gréisste Projete vun den CFL an de leschte Joren. Déi nei Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg. Vun 2027 u sollen doriwwer vill méi Passagéier tëscht Frankräich an der Stad zirkuléiere kënnen. D‘Zuel vu Sëtzplaze soll bis 2030 vun 13.500 op 22.500 eropgoen. De Schantje fir déi nei Gleiser verleeft laanscht dee fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn, mam selwechten Zil. D‘Autobunn an d‘Zuchlinn 6 sollen entlaascht ginn.
Ma d‘Aarbechten, déi virun iwwer 10 Joer ugefaangen hunn, si komplizéiert a brauchen och nach e bësse méi Zäit. De Rui Raimundo, Chef vun den Infrastrukturprojeten bei den CFL, mécht de Point:
"6,4 Kilometer Streck sinn elo Enn dës Jores fäerdeg. Dat Stéck südlech vun der Neibaustreck feelt nach. Dat ass de Raccordement mat der Gare Beetebuerg. Deen Uschloss ass komplizéiert. De kënne mir net einfach esou maachen. Mir sinn op eng Summerpaus ugewisen, eng Spärpaus. Geplangt ass se fir d‘nächst Joer vum 16. Juli un."

Südlech vun der klenger Bréck, am Jargon "Saut-de-mouton", muss e komplizéierten Uschloss gemaach ginn.
"Do ass jo déi Streck, déi schonn do ass, am Wee. Déi musse mir säitlech rippen, fir eis déi Plaz fräizehalen, fir den endgëltege Raccordement mat der Beetebuerger Gare ze maachen", esou de Rui Raimundo.
Bis de 15. September d‘nächst Joer ass do gespaart. E weidere Summer, an deem den 12.000 Frontalieren aus Frankräich hir Nerven nach strapazéiert ginn. Duerno awer dann: Eng Linn, déi exklusiv do ass fir de grenziwwerschreidende Passagéiertransport. Den Direkter vun den CFL Marc Wengler erkläert:
"Dat Konzept wëll, dass all eenzel Linn ka separat bedéngt ginn, ouni dass et Kräizungen dertëscht gëtt. Déi Streck, déi zum Beispill aus Frankräich iwwer Beetebuerg op Lëtzebuerg kënnt, an déi aner, déi vun Esch aus kënnt, solle separat, op hiren eegene Gleisen a Quaien an der Stater Gare ukommen. Wann et op enger Streck eng Stéierung gëtt, iwwerdréit déi sech net op déi aner Streck."

Bis zu aacht Zich d'Stonn kéinten tëscht der Stater Gare an dem Süde vum Land, respektiv Frankräich zirkuléieren. An dat méi pénktlech. Dat versprécht Erliichterung fir d‘Rentrée 2027.