Op der Pompel98er Bensinn, Masutt an Diesel gi méi bëlleg

Tom Nols
No Hallefnuecht falen d'Präisser vum 98er Bensinn, vum Diesel a vum Masutt. Och beim LPG a beim Propan sinn et Baissen.
© Domingos Oliveira

No Hallefnuecht geet de Präis fir e Liter 98er Bensinn ëm 8 Cent op 1,755 Euro zréck.

Beim Diesel ass et eng Baisse vu 5,2 Cent de Liter op 1,987 Euro.

De Präis vum Heizungsmasutt fält ëm 5,9 Cent op 1,470 Euro de Liter.

Bei den aneren Zorte Masutt sinn et Baissë vu 5,3, respektiv 5,2 Cent de Liter.

Den LPG-Präis geet ëm 4,6 Cent zréck a beim Propan ass et e Réckgang vun 3,5 Cent.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO