Wéi déi éischt Ukrainer zu Lëtzebuerg ukomm sinn, sollt de Flüchtlingsfoyer um Kierchbierg just fir e puer Méint opgoen. Haut, méi wéi véier Joer méi spéit, gëtt et en nach ëmmer. D'Anne Frausing huet do vun Ufank u fir d'Rout Kräiz geschafft. Wat si erlieft huet, huet si an engem Buch opgeschriwwen. Mir hu si getraff.
D'Anne Frausing schafft beim Lëtzebuerger Roude Kräiz. Si war vun der éischter Stonn un dobäi, wéi am Foyer um Kierchbierg déi éischt Leit aus der Ukrain ukomm sinn. Dat, wat si do iwwert d'Joren erlieft huet, huet si opgeschriwwen:
"Als éischt war et fir mech eng Manéier, fir déi Zäit an deem Flüchtlingsfoyer ze verdauen, bëssen Distanz dozou ze kréien, ze kucken: wat huet dat mat mir gemaach? An dat Schreiwen huet mer dobäi vill gehollef an elo wou d'Buch do ass, wär ech frou, wann et géing e lëtzebuergesche Public areechen, villäicht och e Flüchtlingspublic, villäicht och Leit, wéi an der Ukrain, déi gäre wëlle wëssen, wat ass mat de Flüchtlinge geschitt, déi hiert Land verlooss hunn. Ech wëll am Fong, dass d'Leit sech fir déi Realitéit interesséieren, mierken, wat ass do geschitt a wat geschitt nach ëmmer an deem Foyer, wou am Fong just opgeriicht ginn ass ,à la base, fir puer Méint an deen awer elo scho méi wéi 4 Joer hei um Kierchbierg existéiert."
Mee wéi entsteet aus dësen Erliefnisser e ganzt Buch?
"Ech hat zum Beispill en Thema, wéi ech soen elo, Thema 'Sech e Kaddo maachen' oder 'Enger Persoun e Kaddo maachen' an op deem Thema konnt ech da meng Souveniren reorganiséieren. Kucken: wat hunn ech erlieft? An dat huet mer am Fong gehollef, dat ganz ze strukturéieren. Dat heescht notamment op deem Thema vu Kaddo hunn ech dann dat Kapitel geschriwwe vun der Fra, déi sech duerch déi imaginéiert Schwangerschaft am Fong selwer e Kaddo mécht."
Mee d'Buch erzielt net nëmmen déi eege Geschicht
"D'Buch ass ganz perséinlech, ech schreiwen och vill iwwer meng kierperlech Erfarungen op deem Site an et ass trotzdeem politesch, well et do verschidde Punkte ginn, wou mir als Sozialaarbechter am Fong mussen d'Politik vum Land representéieren, wou guer net sou einfach ass wann et nämlech drëms geet, Leit aus dem Camp ze geheien, Leit ze soen: 'Dir sidd irrecevabele, Dir hutt hei näischt ze sichen' a wa mer trotzdeem gesinn, dass déi Persoun an enger Détresse ass, ass dat ganz schéi schwiereg, wann een um Terrain ass an et muss een esou Gesetzer duerchsetzen."
A wat soll d'Buch bewierken?
"Ech erwaarde mer dovunner am Fong, dass ech kann d'Leit domat erreechen, villäicht beréieren, dass d'Leit sech bewosst ginn, wéi et an deem Foyer ausgesäit. Déi Konditiounen, ënner deene mir als Lëtzebuerger Flüchtlingen hei empfänken, wou ech perséinlech fanne, kënne mer besser maachen."
Wat d'Anne Frausing am Foyer erlieft huet, steet elo Schwaarz op Wäiss am Buch "le Village des tentes" Et erzielt net nëmme vun hir, mee och vun deene Leit, mat deenen si all Dag geschafft huet.