Tëscht Garnech an HéiwengMotocyclist gouf bei Accident liewensgeféierlech verwonnt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg koum et zu engem uergen Accident um CR101 tëscht Garnech an Héiweng.
© Police

Hei huet ee Motocyclist aus bis elo nach net gekläerte Grënn d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, huet sech iwwerschloen an ass widder d'Leitplanke geschleidert ginn.

De Motocyclist ass a Liewensgefor a gouf op der Plaz schonns direkt behandelt, ier en an d'Spidol bruecht ginn ass.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt. D'Streck war nom Accident gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO