Bréifdréieschgewerkschaft"Mir wäerten net vergiessen, wat de fréiere Gewerkschaftspresident gemaach huet"

Pit Everling
E Mëttwoch goung et op der Generalversammlung ënnert anerem ëm d'Relatioun mat der Gewerkschaftsfront an d‘Bedruchsaffär ronderëm e fréiere Gewerkschaftspresident.
Zu Walfer war d'Generalversammlung vun der Bréifdréieschgewerkschaft
Zu Walfer war d’Generalversammlung vun der Bréifdréieschgewerkschaft
© Ken Fitzke

Et war en ustrengend awer ënnert dem Stréch positiivt Joer 2025, sou de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem. Fir dëst Joer gëtt et eng Haaptfuerderung an zwar déi, datt ëffentlech Gewerkschaften accords salariauxen an engem Etablissement public kënnen ënnerschreiwen.

“Mir gewanne Joer fir Joer all Wale bei der Post, mir sinn an all Gremium, mir vertrieden d’Leit manifestement gutt, mir setzen alles duerch, iwwerall representativ, an dann huet een am Endeffekt de Gesetzestext, wou jo da virgesäit, dass à la base nëmmen déi zwou grouss Gewerkschaften e Kollektivvertrag ënnerschreiwen däerfen, dat ass fir mech e grousse Problem.”

Stéchwuert grousse Problem. De Raymond Juchem kritt net verstoppt, datt hien d‘Relatioun mat OGBL an LCGB problematesch fënnt. D‘Privatgewerkschaften hätten an de leschte Joren hir Responsabilitéit net iwwerholl an Onwourechte gesot.

“Jo, an do war eng Panoplie u Saachen an iergendwann soen ech och, ass awer och de Gedoldsfuedem gerass.”

Alleguer d‘Ministeren hätte sech kloer dofir ausgeschwat, datt d‘Gewerkschaftsfront bei den Negociatioune fir den nächste Gehälteraccord net mat um Dësch soll sëtzen.

“Do gëtt et fir mech keng Diskussioun, wien déi Accorde sollt negociéieren.”

Mat Bléck op dee Gehälteraccord ass de Raymond Juchem sech bewosst, datt et eng schwiereg Zäit ass. Vu, datt zu Lëtzebuerg de Problem vum Wunnengsbau net geléist gi wier, kéint een als Gewerkschaft awer net a Verhandlunge goen an näischt froen.

De President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem
All d‘Ministeren hätte sech kloer dofir ausgeschwat, datt d‘Gewerkschaftsfront bei den Negociatioune fir den nächste Gehälteraccord net mat um Dësch soll sëtzen

D‘Bréifdréieschgewerkschaft huet dann och eng kloer Vue op eng Bedruchsaffär an der Virgänger-Gewerkschaft, ronderëm de fréiere President, deen RTL net méi däerf mam Numm nennen.

“Mir wäerten net vergiessen, wat hie gemaach huet. Do huet een eng Gewerkschaft, déi opgeléist ginn ass. Et gëtt Erspuernisser vun der Gewerkschaft. Dat ass fort alles. D’Gewerkschaft ass verkaf ginn. Eng Gewerkschaft huet bei null missen ufänken. Hien huet mat de Sue vun de Bréifdréier am Floribus zu Malle op der Finca an op senger Yacht gelieft an am Endeffekt wëllt dee Mann haut näischt méi dovunner wëssen. Dat ass fir mech affrontéiert.”

Fir de Rescht wëllt een am neie Joer ënner anerem dru schaffen, datt de Sozialdialog mat der Post nach besser gëtt an datt d‘Salaireskonditiounen – virun allem an den ënneschte Karriären – sech verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO