
D’Defenseministesch Yuriko Backes an de Wirtschaftsminister Lex Delles hunn en Donneschdeg de Moien Detailer presentéiert. De Fokus vun der neier Defense-Strategie läit ënner anerem op der Verdeedegungsindustrie.
Bei der industrieller Produktioun vu Militär-Material soll eng gesetzlech Ouverture kommen a Richtung vu Produiten, déi éischter reng militäresch kënne genotzt ginn, sou d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.
“D’Visioun ass, dass d’Lëtzebuerger industriell an technesch Basis an Zukunft méi Defense-Capacitéiten a Servicer dann entwéckelen a produzéiere wäert. Mir bauen do op bestoend Kompetenzen op. Dat ass ganz vill haut nach am Dual-use, mee do wäerte mer eis dann och weider beweegen a méi purement militaire Produkter a Capacitéiten.”
Soss gëtt virun allem op Recherche an Innovatioun gesat, op nei Technologien. D’Haaptachs, fir Capacitéiten ze entwéckelen, fënnt ee souwuel um Buedem, mat zum Beispill dem Ausbau vun der Arméi, oder an der Luucht, mat notamment der Bedeelegung u Militär-Fliger-Programmer. Och an de Beräicher Weltraum a Cyber gëtt verstäerkt investéiert, versprécht d’Regierung. Am Moment si méi wéi 100 Entreprisen am Defense-Secteur aktiv. Eng sougenannt “Innovatiouns-Pipeline” gëtt en place gesat, fir concernéiert Firme geziilt ze ënnerstëtzen.
“Wou mer vun uewe bis ënnen hin duerchspillen, wéi mer d’Betriber kënne mathuelen an den Developpementer. Mir wäerten hei zu Lëtzebuerg keng grouss Produktioun vu Schëffer, Fligeren oder wat och ëmmer hunn. Et gesäit emol net duerno aus. Et geet eis hei haaptsächlech drëm, dass mer, wéi gesot, den Tissu, dee mer hunn, weider developpéieren, dass mer awer och d’Innovatioun heihinner kréie mat de Startuppen, mat de Scal-upen”, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles.
E spezifeschen Hëllefsregime fir d’Defense gëtt et net. Et gëllen déi Aiden, déi fir d’Ekonomie en place sinn.
Et soll och awer en Haut-Comité gegrënnt gi fir Talenter unzezéien, sou de Lex Delles. Et wäert en Defense-Campus um Site vu Liberty-Steel zu Diddeleng entstoen an et wäert e Finanzéierungsfong fir d’Defense geschaaft ginn, mat deem Investissementer kënne gemaach ginn, huet d’Regierung nach festgehalen. Den zoustännegen interministerielle Comité mécht iwwregens de Suivi vun dëser Strategie.
D’Regierung erwaart sech mat der Defense-Strategie Retoure fir d’Ekonomie a fir d’Gesellschaft. Genee definéieren oder chiffréieren, konnte béid liberal Ministeren déi en Donneschdeg awer nach net.