Sonndesinterview mat der Dr. Marie-Claire Theisen"Meng Kanner sinn der Meenung, ech wär vill méi granzeg, wann ech net schaffe géif"

Christophe Hochard
D'Dr. Theisen huet 94 Joer a schafft zanter 1962 als Pediater zu Diddeleng – un Ophalen denkt si awer nach esou séier net.

D’Marie-Claire Theisen ass Kannerdoktesch vu Beruff an zu Diddeleng eng Institutioun. Am Januar huet déi gebierteg Escherin hire 94. Gebuertsdag gefeiert – schaffe mécht si allerdéngs nach haut.

“Wann ech doheem sëtzen, ginn ech de Bierg of. Ech hat och ni Zäit, eppes anescht ze maachen. Ausserdeem hunn ech de Kontakt mat de Leit gären”, sou d’Doktesch am Interview.

D’Dr. Theisen huet 1962 zu Diddeleng ugefaangen. “Ech war deemools déi éischt Kannerdoktesch hei zu Diddeleng. An ech war iwwer 20 Joer eleng. Ech war och fir d’Spidol responsabel, de Kannerstack an d’Maternité, Dag a Nuecht. Haut géif ech dat net méi maachen”, sou d’Marie-Claire Theisen.

An der Lentzstrooss hat d’Doktesch hire Cabinet. “Den éischten Dag hat ech véier Patienten. Den zweete sechs”, sou d’Doktesch no bal 65 Joer als Pediater, an deene si esou munches erlieft huet.

“Ech selwer si schwaach gefall, wann ee mir Blutt geholl huet”

Zu Paräis huet d’Marie-Claire Theisen Medezin studéiert, ouni kloer Iddi, wat duerno dobäi sollt erauskommen. “Ech war zu Paräis an engem Pediatrie-Service. Do war et ganz sympathesch”, erkläert si am Interview.

Do koum hir dunn d’Iddi, an déi Richtung ze léieren. “Du bass esou gutt an de Sproochen. Du muss an déi Richtung studéieren”, huet d’Marie-Claire Theisen vun der Famill gesot kritt.

Et koum bekanntlech aneschtes: “Ech selwer si schwaach gefall wann ee mir Blutt geholl huet. Mee dat huet mech vläicht esou ugezunn, dass dat eppes Extraes war. Ech hat och eng Tatta, déi och Dokter war, déi éischt hei am Land.”

Ganz houfreg ass d’Doktesch am Gespréich, an nach haut gëtt si dobaussen dacks vu Leit ugeschwat a gefrot, ob si sech kéint u si erënneren.

“Et muss ee scho richteg Loscht hunn, fir Kannerdoktesch ze ginn”

Véier bis fënnef Joer huet d’Ausbildung zur Kannerdoktesch gedauert.

“Et muss ee frou mat Kanner sinn. Et huet ee vill Kontakt mat den Elteren. Wichteg ass et, gentil mat de Kanner ze sinn. Dacks huet een déi Erwuesse méi berouege mussen, ewéi d’Kanner. Et ass och kee rouege Beruff, fix Stonnen huet ee keng”, erkläert d’Marie-Claire Theisen wärend dem Interview.

Eent ass sech Doktesch awer sécher: An all deene Joerzéngten, wou si als Pediater schafft, hätt sech d’Medezin gutt a séier entwéckelt.

An der Neier Strooss zu Esch-Uelzecht koum d’Marie-Claire Theisen op d’Welt an huet och déi éischte Joren do gewunnt. Am Escher Meedercherslycée huet si d’Schoulbänk gedréckt.

Si selwer huet dräi Kanner, zwee Meedercher an ee Jong.

Hire Fils, de François Aspesberro, ass Intensivmedeziner am Kannerberäich. Hien huet zu Seattle seng Ausbildung gemaach a schafft mëttlerweil zu Los Angeles an den USA. “Munchmol geet hien och op Las Vegas an e Spidol schaffen, wou méi Kardiologie ass”, erkläert eis d’Mamm houfreg.

“Ech hat net vill Familljeliewen”

Wär d’Dr. Theisen virdrunner, géif si eppes änneren, an zwar, méi Wäert op hiert Familljeliewe leen. Doheem huet si dacks iwwer Dësch iwwer hir Patiente geschwat: “Ech géif elo net méi grad esou vill zur Verfügung stoen, ewéi deemools. D’Konditioune si jo elo och aneschtes. Mir ware soss vläicht eng Dose Kannerdokteren, dräi bis véier an der Stad, zwee zu Esch.”

D’Marie-Claire Theisen war net nëmme Pediater fir d’Famill, ma gläichzäiteg och eng Vertrauenspersoun: “Fréier goufen d’Kanner net esou séier aus de Famillje geholl. Déi meescht wann ech kucken an der Generatioun duerno sinn awer net schlecht geroden, och an den asoziale Milieuen.”

“Meng Kanner sinn der Meenung, ech wär vill méi granzeg, wann ech net schaffe géif”

D’Dr. Theisen huet aacht Enkelkanner an zanter Kuerzem een Urenkel. “Ech muss eng Kéier ophale mat schaffen. Wéini kann ech elo nach net soen. Mee ganz laang kann ech net méi schaffen. Meng Kanner sinn der Meenung, ech wär vill méi granzeg, wann ech net schaffe géif”, erzielt si mat engem Schmunzelen am Gesiicht.

Ablécklech schafft d’Doktesch nach hallefdaags. An all deene Joerzéngte war si bei ville Gebuerten dobäi an huet och ville Kanner d’Liewe gerett, respektiv se geheelt – ganz vill Famillje sinn der Doktesch Marie-Claire Theisen dowéinst op Éiweg dankbar.

De Sonndesinterview mat der Dr. Marie-Claire Theisen

Back to Top
CIM LOGO