
En Dënschdeg huet déi däitsch Police bei enger Grenzkontroll op der BAB 60 en Hollänner festgeholl, géint deen e Mandat d‘arrêt wéinst Dokumentefälschung virlouch. Den 29 Joer ale Mann ass eegenen Aussoen no vun Amsterdam komm a war ënnerwee fir op Lëtzebuerg.
Am Auto vum Mann ass Material fonnt ginn, dat benotzt gëtt, fir Drogen ze strecken. Doropshin gouf Plainte gemaach. A well de Mann eng Kautioun vun 1.200 Euro net konnt bezuelen, muss hien elo 40 Deeg laang an de Prisong.
Och en Dënschdeg am fréien Nomëtteg war en Ukrainer mat sengem Gefier an d’Kontroll vun den däitschen Autoritéiten zu Bëllegerbréck (Wasserbilligerbrück) gefuer. De Beamte sot hien, seng 16 Joer al Duechter hätt grad eng epileptesch Kris gehat a sech iwwerginn. D’Meedchen hat doropshin d’Bewosstsi verluer a souz hannen am Auto.
D’Bundespoliziste vun Tréier hunn op der Plaz éischt Hëllef geleescht a mat enger Ambulanz ass déi jonk Fra dunn op Tréier an d’Mutterhaus gefouert ginn.