Weider Detailer zu Iwwerfall zu DiddelengMataarbechterinne vum Buttek goufe vu Mann mat Schosswaff menacéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat eis de Virfall schonn e Samschdeg confirméiert, nodeems mir vun engem Lieser dorop opmierksam gemaach goufen. Elo ginn et weider Detailer zum Fall.
© Laurent Weber

Zwou Vendeusë wiere beim arméierten Iwwerfall op ee Buttek an der Rue de la Libération zu Diddeleng mat senger Schosswaff menacéiert ginn, mellt d’Police e Sonndeg de Moien an hirem Bulletin. Éischten Informatiounen no huet de Mann sech e Samschdeg de Moie géint 4.45 Auer Zougang zum Geschäft verschaaft a gouf de Frae géigeniwwer handgräiflech, ier hie si opgefuerdert huet, him Boergeld ze ginn. De Verdächtegen huet sech duerno domat duerch d’Bascht gemaach. Et gouf direkt eng Sich an d’Weeër geleet, ma och e puer Patrulle konnten de Mann net opdreiwen. Et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

RTL gouf e Samschdeg de Moie vun engem Lieser op en Iwwerfall op een Tubaksbuttek an der Rue de la Libération zu Diddeleng opmierksam gemaach, bei deem och eng Vendeuse agresséiert gi wier. D’Police eis e Virfall an der Rue de la Libération confirméiert, ma vill Informatiounen zum Fall gouf et deen Ament nach net, well d’Ermëttlungen nach géife lafen, esou eng Spriecherin vun der Police e Samschdeg.

Back to Top
CIM LOGO