E Samschdeg de MoienIwwerfall op ee Buttek an der Rue de la Libération zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
D'Police confirméiert eis de Virfall, nodeems mir vun engem Lieser dorop opmierksam gemaach goufen.
© Laurent Weber

Nodeems mir e Samschdeg de Moie vun engem Lieser op een Iwwerfall op een Tubaksbuttek an der Rue de la Libération zu Diddeleng opmierksam gemaach goufen, bei deem och eng Vendeuse agresséiert soll gi sinn, huet d’Police eis elo e Virfall op der Adress confirméiert.

Vill Informatiounen zum Fall géif et nach net ginn, well d’Ermëttlungen nach géife lafen, esou eng Spriecherin vun der Police op eis Nofro. Ma effektiv hätt et e Samschdeg de Moien ëm kuerz viru 5 Auer een Iwwerfall op ee Buttek an der Rue de la Libération zu Diddeleng ginn. Doriwwer, ob beim Virfall Personal agresséiert gouf, konnt d’Police aktuell nach näischt soen an huet op de Parquet verwisen.

Am Policebulletin ginn et dann och nach Detailer zu engem Virfall e Freideg den Owend an der Uewerstad. De Beamte war géint 22.20 Auer een Déifstall gemellt ginn. Éischten Informatiounen no wier d’Affer direkt vun e puer Persoune menacéiert ginn an hätt de Portmonni geklaut kritt. Eng Sich no de presuméieren Täter ass ouni Erfolleg bliwwen, ma och hei goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO