
Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours géint eng COVID-19-Strof vun der Gesondheetsministesch nämlech als zum Deel justifizéiert ugesinn. D'Héicht vun der Geldstrof géint hie gouf dowéinst vu 4.000 op 3.300 Euro zréckgefuer.
Enn August hate Poliziste vum Diddelenger Kommissariat festgestallt, dass déi meescht Clientë vum Restaurant tëscht Dëscher gestanen, keng Mask u gehat a gefeiert hätten. Dem Gerant no wären dee Moment eng 170 Leit op senger Terrass gewiescht. Si all hätten eng Sëtzplaz zur Verfügung gehat, wären awer net op hirer reservéierter Plaz bliwwen, sou de Mann. D'Paulette Lenert hat Enn September via Arrêté ministériel eng Geldstrof vu 4.000 Euro géint de Mann gesprach, wéinst Verstouss géint d'COVID-Gesetz vum 17. Juli. De Gerant war Ufank Oktober op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng éischt Riichter halen an hirem Urteel fest, déi responsabel Persoun misst dofir suergen, dass Clienten, déi op der Plaz consomméieren, dat am Sëtze maachen. Well de Gros vun den 170 Leit, déi op der Terrass waren, awer stoungen, keng Mask un a gefeiert haten, wär eng Infraktioun festzehalen. Deemno wären d'Contestatioune vum Gérant, wat d'Decisioun vun der Ministesch ugeet, als net fondéiert zréckzeweisen. A puncto Héicht vun der Strof léich de Maximum vun enger éischter Infraktioun bei 4.000 Euro. D'Paulette Lenert hätt deemno de Maximum vun der Strof gesprach. Well de Restaurant virun de Faiten eng 10 Mol kontrolléiert gi wär, ouni dass e Verstouss géint d'COVID-Gesetz festgehale gouf, de Gerant och kooperativ gewiescht wär an d'Faiten net bestridden hätt, wär, wann net e gewëssent Bereien, dann awer eng gewëssen Opriichtegkeet festzestellen. Allerdéngs misst och déi besonnesch héich Zuel u Clienten a Betruecht gezu ginn, déi déi legal Virschrëften net respektéiert hunn, an de Fait, dass néierens notéiert wär, de Gerant hätt eventuell ëmsoss versicht, fir d'Leit un d'Sëtzen ze kréien. D'Gesondheetsministesch hätt deemno keng schwéier Strof gesprach, eng Strof, déi awer vu 4.000 op 3.300 Euro sollt erofgeschrauft ginn.

Donieft huet den Tribunal administrativ nach eng COVID-Strof vun 2.000 Euro fir en anert Etablissement op d'Hallschent reduzéiert. Ufank September hate Polizisten do e Client gesinn, e Béier um Comptoir drénken, ouni ze sëtzen. Eng éischt Infraktioun war ewell Ufank Juli hei constatéiert ginn an de Responsabele war dem Uerder net nokomm, fir d'Gesetz anzehalen. Well d'Presenz vun engem eenzege Client awer net schlëmm genuch wär, fir eng Strof vum Duebelen ze justifizéieren, sollt déi op 1.000 Euro fixéiert ginn.