
E 66 Joer ale Lëtzebuerger, deen zu Dummeldeng Enn September 2023 seng Fra doheem erwiergt huet, gouf e Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Déi Virsëtzend Riichterin huet Circonstances atténuantes festgehalen.
Nom Mord hat de Verurteelten d’Läich an engem Bësch bei Konsdref verstoppt. Spéider huet hien zesumme mat sengen erwuessene Kanner d’Fra bei der Police als vermësst gemellt a versicht, d’Spueren ze verwëschen. Eréischt, wéi hien eng Woch méi spéit gemierkt huet, dass d’Police him op der Spuer wier, huet hie gestanen.
De Parquet hat eng liewenslaang Prisongsstrof wéinst Mord gefrot. D’Verdeedegung huet argumentéiert, dass et keng geplangten Dot gewiescht wier, mee et opgrond vu psychologeschem Stress dozou komm wier. Dem Condamnéierte seng Fra hat him eng Woch virdru gesot, dass si sech no 40 Joer Bezéiung vun him trenne wéilt.
Den Expert-Psychiater hat enger Handlung am Affekt awer ausgeschloss. Dëst, well de Mann seng Fra mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen hat, an dono erwiergt, wat eng Partie Minutte muss gedauert hunn. Och war am Prozess am Januar rieds dovun, dass de Mann virun der Dot op der Plaz war, wou hien d’Läich verstoppt huet, an en engem Baumaart Molerkombien, Pech an Händsche kaaft hat.
De Partie civillen, also deenen dräi Geschwëster vum Affer, goufe je 20.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.
Den Ugekloten huet elo 40 Deeg Zäit, fir géint d’Urteel an Appell ze goen. D’Affekotin vum Ugeklote Lynn Frank huet schonn annoncéiert, dass een dat och géing maachen.