Spezialunitéiten zu Esch am AsazMann schéisst mat Aarmbroscht op d'Police

RTL Lëtzebuerg
Ugefaangen huet dat Ganzt, well d'Police e Freideg den Owend wéinst engem heftege Familljesträit an d'Cité Salvador Allende op Esch geruff gouf.

Wéi d'Police bei der Wunneng zu Esch ukoum, hat déi menacéiert Fra an hiert Kand d'Gebai scho verlooss a goufe vun de Beamten a Sécherheet bruecht.

De Mann deen d'Famill menacéiert hat, war zu deem Zäitpunkt nach an der Wunneng. Wéi d'Beamten dem Gebai méi no koumen, huet dësen d'Fënster opgemaach an d'Police mat enger Aarmbroscht menacéiert. Nodeems dunn och nach e Knall ze héiere war, deen aller Warscheinlechkeet vum Ausléise vun der déidlecher Waff komm ass, goufen d'Spezialunitéite vun der Police geruff.

Du goung et dem Mann wuel e Strapp ze séier: Hie konnt relativ séier a senger Wunneng iwwerwältegt a festgeholl ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO