
Zanter en Dënschdeg muss sech um Stater Geriicht e Mann vun 41 Joer wéinst ënner anerem Viol veräntweren. Hie kritt virgehäit, am Oktober 2018 zu Näerzeng e Meedche vun du 14 Joer vergewaltegt ze hunn. Donieft soll hien dem Kand zum Beispill nach kannerpornografesch Fotoen op sengem Handy gewisen hunn.
Speziell un dëser Affär ass, dass de Mann, wéi en Neuropsychiater sot, „en intellektuellen Handicap“ huet. Wéinst deem Retard steet d'Fro am Raum, a wéiwäit hie scholdfäeg ass.
Déi Zwee hätte sech eng Kéier op engem Fest gesinn, sot um Enn vun der Sëtzung d'Boma vum Kand. De Mann hätt e Päerd, d'Enkelin awer keng Loscht gehat, fir dohi matzegoen. Si géif sech elo nach Virwërf maachen, dem Meedche gesot ze hunn, et sollt mat, sou d'Groussmamm. D'Kand, dat fréier lëschteg war, wär elo net méi sou oppen. D'Mamm vum Affer sot, hiert Meedchen hätt hir virun déck zwee Joer ugeruff an um Telefon gejaut „En huet mech ugepaakt!“ Si hätt doropshi Froe gestallt an d'Duechter erzielt, wat geschitt wär, huet d'Mamm erkläert, déi 10.000 Euro Schuedenersatz fir d'Kand gefrot huet. Do virdrun hat d'Affer à huis clos ausgesot!
Um Ufank vun der Sëtzung hat en Neurolog deklaréiert, de Beschëllegte wär Patient zanter senger Gebuert an a Spezialschoule fir geeschteg handicapéiert Leit gaangen. De Mann wär, Zitat, „behënnert genuch, fir net selbstänneg liewen ze kënnen“, awer net impulsiv-aggressiv. Engem Neuropsychiater hat den Ugekloten de Virfall sou duergeluecht: D'Meedchen hätt Kappwéi gehat, hien him d'Genéck masséiert, woubäi hien ëmmer méi erofgaange wär. D'Kand hätt näischt gesot, bis et zum Iwwergrëff koum. Dunn hätt et „Hal op!“ gesot a wär fortgelaf. Dem Expert no hätt wéinst dem Handicap vum Mann, eng Verännerung vun der Uerteelsfäegkeet virgeleeën. Hie wéisst awer, dass en eppes gemaach huet, wat net richteg war a wat en net sollt maachen. Och an den Ae vun engem Psychiater misst een d'Entscheedungsfräiheet vum Mann a Fro stellen. D'Scholdfäegkeet wär limitéiert gewiescht.
Fir en Enquêteur vun der Police judiciaire iwwerdeems wär en „Ech wëll dat net!“ vum Meedchen onmëssverständlech an dat extrem reservéiert Kand mat der Situatioun total iwwerfuerdert gewiescht.
Dëse Prozess dierft de Mëtten ofgeschloss ginn.