Op Chantier zu DummeldengMann bei Aarbechtsaccident liewensgeféierlech um Kapp blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Stater Quartier Dummeldeng ass et op engem Chantier zu engem uergen Aarbechtsaccident komm.
© Laurent Weber

E Méindeg de Moie géint 9.40 Auer ass et op engem Chantier an der Rue de la Station zu Dummeldeng zu engem uergen Aarbechtsaccident komm. Wéi d’Police mellt, ass dobäi een Aarbechter vun engem metallene Géigestand um Kapp getraff ginn. Hie gouf liewensgeféierlech blesséiert an direkt an d’Spidol bruecht. Beim Géigestand soll et sech ëm en Deel vun enger Buermaschinn handelen, déi fir d’Buere vu ganz déiwe Lächer gemaach ass.

D’ITM war nom Accident op der Plaz an op Uerder vum Parquet gouf Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO