Ausbau vum AtomwaffenarsenalLëtzebuerg keent vun de Partnerlänner bei franséischer "Dissuasion avancée"

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg hat de franséische President Macron annoncéiert, datt Frankräich säin nuklearen Arsenal opstocken an an deem Kontext verstäerkt mat Partnerlänner zesummeschaffe wéilt. Op d'Fro, ob och Lëtzebuerg zu dëse gehéiert, hat de Premier Luc Frieden en Dënschdeg an enger Froeronn an der Chamber eng kloer Äntwert.
Lëtzebuerg keent vun de Partnerlänner bei franséischer "Dissuasion avancée"
An enger Froeronn an der Chamber hat en Dënschdeg am Nomëtten de Premier Luc Frieden sech zur Lëtzebuerger Roll an der franséischer Atomwaffepolitik geäussert.

Bei senger Visitt zu Lëtzebuerg am Oktober hätt de franséische President d’Lëtzebuerger Regierung “a groussen Zich” iwwert seng Pläng zum Ausbau vum franséischen Atomwaffenarsenal, der “Dissuasion avancée” informéiert, sou de Luc Frieden. Déi geplangten Zesummenaarbecht mat verschiddene Partnerlänner, géif sech allerdéngs op 8 Staate beschränken, zu deenen de Grand-duché net gehéiere géif:

“An duerfir gëtt et och eng kloer Ursaach: Eis belsch an hollännesch Partner am Benelux, déi hu schonn haut Nuklearwaffen op hirem Territoire stationéiert. Lëtzebuerg huet dat ëmmer refuséiert an der Vergaangenheet, well dat och verlaangt, datt de Flughafen extra ekipéiert ass, fir esou Fligeren, déi ekipéiert si mat Nuklearwaffen, ze stationéieren. Do brauch een eng extra Zort Bunkeren, déi Lëtzebuerg net huet.”

Trotzdeem wéilt Lëtzebuerg säi Bäitrag zu enger europäescher Defense leeschten, an deem Zesummenhang géife Gespréicher mat verschiddenen europäesche Partner lafen.

Den DP-Deputéierte Marc Hansen hat de Premierminister no entspriechende Prezisioune gefrot.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO