Europäesch SécherheetMacron stellt e Méindeg Pläng iwwer atomar Ofschreckung vir

RTL Lëtzebuerg
Frankräich stellt e Méindeg de Mëtteg Pläng iwwert déi zukünfteg atomar Ofschreckung vir. De President Macron hält dofir op der Basis vun de franséischen Atom-U-Booter no bei Brest eng Grondsaz-Ried.
De franséische President bei enger Defense-Reunioun zu Paräis am Februar 2026.
De franséische President bei enger Defense-Reunioun zu Paräis am Februar 2026.
© ANNA KURTH/AFP

Frankräich ass am Moment déi eenzeg EU-Natioun, déi Atomwaffen huet. Schonn op der Sécherheetskonferenz zu München haten de Friedrich Merz an den Emmanuel Macron iwwert eng gemeinsam Strategie geschwat, déi elo soll verdéift ginn.

Frankräich hat sech leschte Summer schonn zesumme mat Groussbritannien op eng enk Koordinatioun a Saachen nuklearer Ofschreckung gëeenegt. Rieds ass vun enger Zorte Schutz-Präbbeli, fir de Fall, dass ee géif ugegraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO