Pressekonferenz vun der Santé am REPLAYLëtzebuerg ass vun dësem Méindeg un an der Phas 2

Monica Camposeo
37 Persounen si wéinst dem Virus hospitaliséiert, dovunner 3 a soins intesifs. Bis ewell läit ee bei 798 infizéierte Persounen, ronn 10 Leit si geheelt.
Déi komplett Pressekonferenz vun der Santé
37 Persounen si wéinst dem Virus hospitaliséiert, dovunner 3 a Soin intesiv. Bis ewell läit ee bei 798 infizéierte Persounen, ronn 10 Leit si geheelt.

Um 15 Auer e Sonndeg de Mëtteg huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op engem Point Presse iwwer d'Aarbechten, déi den Ament hei am Land am Kader vun der aktueller sanitärer Krise lafen, informéiert. An de leschte 24 Stonne gouf et kee weidere Stierffall.

Pressekonferenz Paulette Lenert - Rep. Eric Ewald

37 Persoune sinn den Ament wéinst dem Covid19 hospitaliséiert, dovunner 3 a Soin intesiv. Bis ewell mellt d'Santé 798 infizéiert Persounen, eng 10 Leit wieren nees geheelt.

Pressekonferenz vun der Santé
37 Persounen si wéinst dem Virus hospitaliséiert, dovunner 3 a Soin intesiv. Bis ewell läit ee bei 798 infizéierte Persounen, ronn 10 Leit si geheelt.

Da mellt d'Santé, dass d'Struktur zu Colpech prett wier, fir Patienten opzehuelen. Ma och den Domaine Thermal zu Munneref kéint bannent 4 Deeg operationell ginn, esou d'Ministesch.

Lëtzebuerg ass vun dësem Méindeg un, an der Phas 2 am Kampf géint de Corona Virus. An der Phas 1 gouf op d'Maison medicale gesat. An der Phas 2 elo, verstäerkt op Teleconsultatioun mam Hausdokter. A jee no Symptomer, kënnt een dann,  an eent vun 4 sougenannten "Centres de soins avancés".
Nei Strukturen déi an de nächsten Deeg operationell ginn.

Den Ufank soll e Méindeg de Mëtten an der Luxexpo um Kierchbierg gemaach ginn. Duerno ginn, no a no, d'Zentren zu Esch an der Rockhal, der Däichhal zu Ettelbréck an dem Centre Culturel zu Gréiwemaacher op.

D'Arméi baut d'Infrastrukture vum Centre de soins avancés an der Luxexpo op

Centre de soins avancés an der Luxexpo
An der Luxexpo gouf um Sonndeg an um Méindeg ee Centre de soins avancés opgebaut.

Däichhal zu Ettelbréck
Däichhal zu Ettelbréck
© Domingos Oliveira

Dëse Schrëtt gëtt néideg, well ee mat méi groussen Zuelen un Infizéierte konfrontéiert gëtt, huet d'Paulette Lenert erkläert. Déi dëst zur Solidaritéit am Land sot: „Och um Terrain, hunn ech mer soe gelooss vun der Police, ass et ganz roueg ginn, dobaussen. Et si bal keng Interventioune méi! Ech mengen, mir maachen do eng ganz gutt Aarbecht, all zesummen. Mir ginn e gutt Bild of. Ech mengen, et ass kaum e Land, dat et fäerdegbruecht huet, a sou kuerzer Zäit, wierklech de Message ze verstoen, wat elo ze maachen ass!“

D'Santé mécht da vun der nächster Woch un iwwert eng App de geneeë Suivi vun all eenzele Patient, vum Test iwwer d'Behandlung.

De gréissten Defi ass weiderhin, d'Courb vun den Infizéierten esou flaach wéi méiglech ze halen. Et war dann de Mëtten nach emol de Message vun der Gesondheetsministesch: "Bleift doheem!". An virun allem solle Situatioune verhënnert ginn, wou een sech ustieche kéint, wéi zum Beispill wann vill Mënschen op enger Plaz zesumme kommen. Et misst awer och gesot ginn, dass sech d'Leit bis ewell gutt un d'Consignen halen.

Iwwert den Internetsite govjobs.lu da wäert versicht ginn, fir dat u Profiller ze fannen, wat gebraucht gëtt, fir de System oprecht z'erhalen: „Dat geet wierklech vu Besoin u Personal mat Qualifikatiounen am medezinesche Beräich bis zu ganz alldeegleche Saachen. Dir wësst, dass Masken e generelle Problem sinn. Mir si beméit, fir professionell Masken erbäizekréien, mä mir wäerten, genee wéi an der Belsch, och eng Aktioun lancéieren, d'nächst Woch, fir d'Leit bitzen ze doen!“

Et goufe vill Materialcommandë gemaach, z.B. vu Schutzmaterial a Medikamenter. D'Ministesch hofft, déi an den nächsten Deeg a Wochen ze kréien:„Ech wéilt trotzdeem nach eng Kéier rappelléieren, dass mer am Moment net all dat Material hunn, wat mer brauchen, fir jidderengem dat zoukommen ze loossen, deen es bräicht an och legitim bräicht. Ech weess, dass dat eng vun deene gréisste Suergen dobaussen um Terrain ass, ganz vill Leit, déi a Kontakt sinn, nach, mat Public maache sech Suergen, hätte gär Masken. Mir géifen, vun eiser Säit, natierlech och gär där Demande nokommen. Dir musst just verstoen, am Moment hu mer eng limitéiert Zuel u Material zur Verfügung, also kënne mer och nëmme mat Prioritéite schaffen, fir et erauszeginn!“An do wären déi Professionell natierlech vir.

E Reportage iwwert den Transport an Zäite vum Coronavirus

E Reportage iwwert den Transport an Zäite vum Coronavirus
Den Drock am ganze Sekteur ass den Ament grouss.

D'Paulette Lenert huet donieft nach drop higewisen, dass d'Situatioun am franséische Grand Est desastréis ass:„Eise Premierminister huet haut eng Zouso u Frankräich gemaach, dass mer bereet sinn ze hëllefen, ganz kuerzfristeg, an deenen akute Fäll, selbstverständlech an deem Mooss, wou mer dat elo kënnen.

Well mir sinn elo prett, mir sinn e bëssen an enger Position d'attente, d.h. et ass eis méiglech, elo kuerzfristeg deen een oder aneren Intensivpatient eriwwer ze huelen. Mir maachen dat selbstverständlech och nëmmen an deem Mooss, wou mer dat kënnen. Mä dat ass e Geste, dee mer gemaach hunn. Europäesch Solidaritéit ass extrem wichteg, an eis Nopeschlänner sti virun Erausfuerderungen, déi mir hei hoffen, net ze kréien, an eisem Land!“

Back to Top
CIM LOGO