
Och a Krisen-Zäite muss den Traitement vu Leit mat chroneschen oder schwéiere Krankheete garantéiert bleiwen, dat schreift e Méindeg de Mëtteg d'AMMD.
D'Leit ginn duerfir gefrot, souwäit et nëmme geet vun der Téléconsultatioun Gebrauch ze maachen. Och wann op deem Wee sécher ni kann de perséinleche Kontakt mam Dokter am Cabinet ersat ginn, sou wier et awer méiglech, eng gutt Partie vun de medezinesche Froen op dës Manéier op Distanz ze geréieren.
Vun e Méindeg u sinn och d'Zänndoktesch-Praxen obligatoresch zou. Op 3 Plazen am Land fonctionéiert awer en Urgencen-Service bei Problemer mat den Zänn. Et gëllt den Nummer 8002- 80 80, wou dann de Patient wäert op déi entspriechend Plaz bei en Zänndokter dirigéiert ginn.
Weider Detailer ginn et um offizielle Site vum Collège médical.