"Faster than Corona"Leit kënnen am Kampf géint de Coronavirus hir Date spenden

Pierre Jans
Fir dem Virus meeschter ze ginn, brauchen d'Politiker an d'Wëssenschaftler Donnéeën. Eng Hellewull un Donnéeën, op deenen hir Decisioune fundéiere kënnen.
Leit kënnen am Kampf géint de Coronavirus hir Date spenden
Fir dem Virus meeschter ze ginn, brauchen d'Politiker an d'Wëssenschaftler Donnéeën. Eng Hellewull un Donnéeën, op deenen hir Decisioune fundéiere kënnen.

En internationaalt Kollektiv vun ënnert anerem Dokteren, Ingenieuren a Programmateuren huet sech zesummegedoen, fir eng grouss Mass un Donnéeën ze sammelen. Initiator vum Projet "Faster than Corona" ass de Lëtzebuerger Ingenieur Christian Kauth. Säi Konzept: d'Leit kënnen hir Date spenden.
Modern Technologien am Kampf géint de Virus. Esouguer déi zwee gréisst Konzerner fir Smartphone-Software op der Welt zéien un engem Strang. Si wëllen d'Entwécklung vun Applikatioune vereinfachen, mat där ee Corona-Infektiounen zeréckverfollege kann. Dat däitscht Robert-Koch-Institut zum Beispill schafft den Ament u sou engem Produit: enger Tracking-App. Dem Lëtzebuerger Christian Kauth säi Projet FasterThanCorona funktionéiert anescht.

"Bei eis ginn d'Daten net einfach eragesaugt, de Spender muss se fräiwëlleg erareechen. Dat ass e groussen Ënnerscheed. Et geet eis net ëm e Lokalisatiouns-Tracking, also e geographeschen. Et geet eis ëm en Tracking vu Symptomer iwwer d'Zäit.", erzielt de Christian Kauth.

Et ass d'Sich no der Fro: wéi evoluéieren d'Symptomer? Dofir brauch et Donnéeën, vill Donnéeën a reegelméisseg Äntwerte vu fräiwëllege Spender op konkret Froen. Sinn ech infizéiert, hunn ech Symptomer, mat wiem hat ech Kontakt. D'Donnéeë gi vun der Ekipp vum Christian Kauth a mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz verschafft an duerno gedeelt.

"Et ginn esou vill ganz clever Käpp ronderëm d'Welt. Et wär immens schued, Daten an dëser Zäit lokal ze horten a se net ze deelen. Mir maachen dat och, et ass en Open-Science-Projet. Institutiounen, déi en noweisbaren Interessi hunn, dës Kris ze léisen, kréien Accès dorop."

E puer dausend Spender hätten de Questionnaire schonn ausgefëllt. Stellt sech natierlech d'Fro vum Dateschutz.

"Wann ee mat deenen neie Saachen ewéi d'Algorithme kann hëllefen. Dat huet mech eng Minutt kascht, du war dat kee Problem. Et gëtt ee wierklech keng perséinlech Donnéeën un, ausser den Alter an d'Geschlecht.", esou d'Liliane Loos-Magar.

FasterThanCorona verséchert, all d'Donnéeën ze anonymiséieren. An ëm Sue géif et hei net goen, et wéilt een e komplementare Bäitrag leeschten zu der Aarbecht vun der Politik an der Wëssenschaft.

"Mir wëlle méi séier Date spenden, ewéi de Virus Leit infizéiert.", esou nach de Christian Kauth.

Benevoller dreiwen de Projet virun, esou gouf de Site rezent och op Lëtzebuergesch iwwersat.

Back to Top
CIM LOGO