
De Post-Grupp ka just eng kleng Croissance presentéieren. D'Joer 2025 war gepräägt vu geopoliteschen an ekonomeschen Onsécherheeten. Um Enn ass et e Chiffre d'affaires vun 985 Milliounen Euro, just 7 méi ewéi d'Joer virdrun. Historesch gesinn ee ganz klenge Wuesstem, huet de Generaldirekter vun der Post Claude Strasser op der Bilanspressekonferenz zouginn.
No Käschten a Steiere bleift e Benefice vun 31 Milliounen Euro, 19 manner ewéi 2024.
Den Haaptpilier vum Post-Grupp sinn entretemps Telecom an ICT. Dat sinn d'Marke Pop fir Privatleit an déi nei DEEP fir Professioneller, op déi d'Post besonnesch de Fokus setzt, well se a Cloud, Datenzenteren an KI grousst Potenzial gesäit.
Post Telecom suergt mat 646 Milliounen Euro fir zwee Drëttel vum Ëmsaz. Fir am Telecom matzehalen, brauch et awer och immens héich Investitiounen. D'Entwécklunge si rapid.
Zweete Pilier sinn d'Finanzservicer vun der Post, déi awer och am Wandel sinn. Do wär een extrem ofhängeg vun den Zënsen, esou de Claude Strasser.

Vum Courrier op de Colis: Bréiwer gi weider ëmmer manner wichteg, dofir huet d'Post zejoert 10 Millioune Päck geréiert a geliwwert. Den neie Logistikzenter zu Beetebuerg géif dréngend gebraucht ginn. 2028 soll e fäerdeg sinn.
Trotz dem Resultat, dat sech dem Generaldirekter Claude Strasser no an deem schwierege Kontext ka weise loossen, wär d'Maitrise vun de Käschten e groussen Challenge. D'Post bezilt quasi eng hallef Milliard Euro Salairen. All Indextrache hätt e groussen Impakt. Donieft géifen d'Präisser fir Produite mat Chippen explodéieren.
De Post-Secteur géif sech europawäit séier entwéckelen. Mam Digital Network Act géif sech och déi legal Basis geschwë fundamental changéieren. D'Post Lëtzebuerg misst sech permanent un déi rasant Entwécklungen upassen, esou nach d'Presidentin vum Verwaltungsrot Françoise Schlink.